Pol Plançon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Pol Plançon

De Pol Plançon, eigentlech Paul-Henri Plançon, gebuer den 12. Juni 1851 zu Fumay am franséischen Departement Ardennes, a gestuerwen den 11. August 1914, war e franséische Basssänger.

Seng Stëmm huet de Plançon zu Paräis ausbilde gelooss vum Louis Gilbert Duprez an dem Giovanni Spriglia. Säin éischte Bühnenoptrëtt hat hien 1877 an der Lyoner Oper als Saint-Bris am Meyerbeer senger Oper Les Huguenots.

De Plançon war de beschte Mephisto am Gounod senger Oper Faust vu senger Generatioun.

CDen[änneren | Quelltext änneren]

  • Plançon Pol - The Complete Victor Recordings (1903-1908), 2 CDen op Romophone
  • Plançon Pol - The Opera Collection, Tounopnamen vun 1902-1908, 1 CD op Symposium