Pol Sax

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pol Sax, gebuer den 29. Januar 1960 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

De Pol Sax huet Germanistik a Philosophie op der Universitéit Heidelberg an op der Université libre de Bruxelles studéiert. Dono huet hien an der Gastronomie geschafft an huet ë.a., 1994-1996, eng Nuddelsfabrik zu Heidelberg dirigéiert. Dono huet hien e puer Joer als Barman geschafft.

De Pol Sax lieft zënter 2001 als fräie Schrëftsteller zu Berlin. Hie schreift Literaturrezensioune fir verschidde Medien. 2008 koum säin éischte Roman, U5, eraus, deen no der Linn 5 vum Berliner Metro benannt ass.

Fir dee Roman gouf hien 2009 mam Servais-Präis ausgezeechent.

[änneren] Wierker

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen