Polaris-Azimut

Vu Wikipedia

Als Polaris-Azimut gëtt d'astro-geodetesch Richtungsbestëmmung (Azimut) vun engem terrestreschen Zil mat Hëllef vum Polarstär bezeechent.

D'Method gehéiert zu de geneesten Azimut-Methode vun der Geodetescher Astronomie, obschonn d'Virgangsweis am Prinzip einfach ass:

  • Uviséiere vum Vermiessungspunkt (et sollt e Wäitpunkt op enger minimaler Distanz vu 5 km sinn)
  • Uviséiere vum Polarstär a Kreeslag I, Ofliese vum Deelkrees a vun der Auerzäit
  • Ëmsetze vum Theodolit
  • Uviséiere vum Polarstär a Kreeslag II asw.
  • Uviséiere vum Vermiessungspunkt a Kreeslag II.

Mat dem Standpunkt vum Observateur geographesch Koordinaten an den Auerzäite beim Uviséiere vun de Stäre léisst sech deenen hiren Azimut berechnen, aus där um Theodolit gemoossener Richtungsdifferenz den terrestreschen Azimut.

Déi wichtegst Uwendunge vun der Method, déi a ronn 10 Minutten eng Prezisioun am Beräich vun ±1" gëtt, sinn

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie