Polarstär
De Polarstär ass deen hellste Stär (α) am Stärebild Ursa Minor (och am Volleksmond Klenge Won genannt). Hien ass no beim Nordpol vum Stärenhimmel (Himmelsnordpol).
Fir dëse Stär si vill Nimm iwwerliwwert, wat seng grouss Bedeitung an de verschiddenste Kulturkreesser erëmspigelt: Stella Polaris oder nëmme Polaris sowéi Nordstär; bei de Griiche vun der Antikitéit huet hie Phoenice („de Phönizesche“) geheescht, aner Nimm sinn Alruccabah (arabesch al-Rukkabah „de Reider“), Angel Stär, Cynosaura, Cynosura (griichesch Κυνόσουρα „Schwanz vum Hond“), Lodestar, Mismar, Navigatoria, Tramontana, Yilduz (tierkesch yıldız „Stär“) a Poljarnaja. Déi systematesch Bezeechnung an der Astronomie ass α Ursae Minoris oder kuerz α UMi.
De Polarstär ass en Dräifachstäresystem (Stand: 01.2006): Polaris A, Polaris Ab an Polaris B. Polaris A ass en Iwwerris an ongeféier 2.000 mol sou hell wéi eis Sonn. De Polaris A gehéiert zu den Cepheiden an ass gläichzäiteg de nächste vun dëse Stäre. De Polaris Ab ass en Zwergstär, deen de Polaris A an engem Ofstand vun ca. 3 Milliarde Kilometeren a ronn 30 Joer ëmkreest.
Date vum Polarstär [änneren]
| astronomesch Bezeechnungen | |
| Positioun (Equinoxe 2000.0) | RA 2h31m48.70s Dekl. +89°15'51.0" |
| Siichtbar Magnitude | Polaris A: 2,02m (variabel) / Polaris B: 8,6m |
| Absolut Magnitude | ca. -4,6M * |
| Spektralklass, Liichtkraaftklass |
Polaris A: F7:Ib-II (blatzeg-giel) / Polaris B: F3V |
| Ofstand vum Sonnesystem | ca. 430 Liichtjoer |
* berechent aus siichtbarer Magnitude an Ofstand
De Polarstär ass nëmme ronn 0,7° vum nërdlechen Himmelspol ewech an ass dofir op der nërdlecher Nordhallefkugel vun der Äerd d'ganzt Joer ze gesinn (zirkumpolar), op der Südhallefkugel dogéint kann hien net gesi ginn.
Säi Géigestéck op der Südhallefkugel ass de Stär Polaris australis, am Stärebild Octans als Sigma Octantis notéiert.
Um Spaweck [änneren]
- (de) extrasolar-planets.com - Polaris
- (de) Demonstration der Präzession (ganz interessant Java)
- (de) www.wissenschaft.de: Astronomen fotografieren den bislang nur theoretisch bekannten kleinsten Angehörigen des Dreiergespanns
- (en) North Star's Unseen Companion Photographed
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris
| Commons: Polaris – Biller, Videoen oder Audiodateien |