Polaris Australis (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Polaris Australis de Stär σ am Stärebild Octans. Sigma Octantis ass dat südlecht Géigestéck zum Polarstär, well hien ass deen dem südlechen Himmelspol am nooste leienden Stär, deen mat bloussem A ze gesinn ass. Duerch seng schwaach Hellegkeet vu nëmmen 5,47m ass hien net als Navigatiounshëllef geeegent. Den σ Octantis huet d'Katalogbezeechnungen HR 7228 an HD 177482. Hie gehéiert zu der Spektralklass F0III an läit ronn 270 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datenbank).
Um Fändel vu Brasilien ass de Stär Polaris Australis ze gesinn.
Koordinaten [änneren]
- Rektaszensioun: 21h08m46,2s
- Deklinatioun: -88°57'23"
Um Spaweck [änneren]
• (en) http://www.astro.wisc.edu/~dolan/constellations/hr/7228.html