Polarnuecht

Vu Wikipedia

D'Polarnuecht ass an de Polargebidder den Zäitraum ëm d'Wantersonnewend, an deem den Himmel en ettlech Deeg bis Méint donkel bleift. D'Polarnuecht ass d'Géigendeel vum Polardag mat senger Mëtternuechtssonn.

Stëmmungsbild vum Enn vun der Polarnuecht op Spitzbergen, mëttes steet de Mound iwwer den Hiwwelen

Definitioun[änneren | Quelltext änneren]

An der Géigend vun de Polarkreesser klëmmt d'Sonn wärend op d'mannst engem Dag net vollstänneg iwwer den Horizont. D'Finnen hunn dofir e spezielle Begrëff, „Kaamos“ genannt. Et gëtt awer och um däischtersten Dag vum Joer (Wantersonnewend) net iwwerall bannenzeg vun de Polarkreesser ganz däischter. Dat läit ë. a. dorun, datt wéinst der Refraktioun (Liichtbriechung an der Äerdatmosphär) d'Sonn an der Horizontgéigend däitlech méi héich ze stoe schéngt wéi et tatsächlech ass; si kann domat also trotz „theoreetescher“ Polarnuecht visuell vollstänneg opgoen. Ëmgekéiert gëllt och fir Plazen, déi net am Gebitt tëscht Polarkrees a Pol leien: Wéinst der Liichtbriechung an der Äerdatmosphär (kuckt astronomesch Refraktioun) kënnt et net genee op dem Polarkrees, mä eppes méi un der Polgéigend (vun ongeféier ± 67,16° Breet) zum Erreegnes, datt d'Sonn op engem Dag am Joer net opgeet.

Vun dësem Breetegrad un kënnt nëmmen nach déi hallef Sonnescheif iwwer den Horizont, a vun ongeféier ± 67,41° net eemol méi den ieweschte Sonnerand. Zu deem Zäitpunkt ass et allerdéngs hell dämmreg wéi kuerz viru Sonnenopgank oder kuerz no Sonnenënnergank, well d'Sonn ass da knapps ënner dem Horizont. Wat ee méi no bei de Pol kënnt, wat d'Sonn méi déif ënner dem Horizont steet. Vun ongeféier 73,2° Breet un ass et ënmmer ze däischter fir d'Zeitung ze liesen, well net emol méi déi biergerlech Dämmerung erreecht gëtt. Vun der 79,2° Breet u si stänneg déi hellst Stären ze gesinn, vu 85,2° un, kënnt keen Dämmerschäi vun der Sonn méi op d'Äerd.

Um geographesche Nordpol a Südpol dauert d'Polarnuecht bal en halleft Joer, un de Polarkreesser genee en Dag (woubäi d'Sonn awer nach deelweis iwwer den Horizont kënnt). Wat ee méi no un de Nord- oder Südpol kënnt, ëmsou méi laang dauert d'Polarnuecht. D'Polarnuecht entsteet duerch d'Schréi vun der Äerdachs vu ronn 23,5°.

Ursaach[änneren | Quelltext änneren]

D'Mëtt vun der Polarnuecht an der südl., vum Polardag an der nërdl. Polarzon

Well d'Äerd ëm d'Sonn kreest an d'Äerdachs onofhängeg vun där Bunnbeweegung hir Schréi bäibehält, sinn d'Polen am Summer der Sonn zougedréit an am Wanter vun hir ofgedréit. Dofir steet d'Sonn op de geographesche Pole fir ongeféier en halleft Joer ënner dem Horizont. An deem Zäitraum kann et zu enger Aart vu polare Stratosphärwolleken an enger Héicht vun 22 bis 29 km kommen. Déi forme sech eréischt bei Temperaturen ënner −78 °C.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Polarnuecht – Biller, Videoen oder Audiodateien