Politesche System vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Society.svg Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Lëtzebuerg ass eng konstitutionell Monarchie a Form vun enger parlamentarescher Demokratie. Der Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1868 no (zanterhier e puer Mol geännert) ass de Groussherzog de Chef vum Land.

D'legislativ Gewalt (d. h. d'Méiglechkeet, Gesetzer ze maachen) läit beim Parlament (Chamber genannt), dat aus enger Kummer mat 60 Deputéierte besteet, an op 5 Joer gewielt gëtt.

D'exekutiv Gewalt huet de Groussherzog an d'Regierung. Déi aktuell Regierung besteet zanter dem 31. Juli 2004. Si sëtzt sech zesummen aus dem Premierminister, deen traditionell den Titel Staatsminister dréit, 12 Ministeren, engem delegéierte Minister an enger Staatssekretärin.

De Staatsrot ass e konsultativt Organ, deem seng 21 Memberen vum Groussherzog ernannt ginn.

D'juristesch Gewalt läit an der Hand vun enger onofhängeger Justiz.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang H. Lorig, Mario Hirsch, Ed.: Das politische System Luxemburgs. Eine Einführung, 2008, Wiesbaden, VS Verlag für Sozialwissenschaften, 385 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]