Dioskuren

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Polydeukes)

D'Dioskuren (gr. Dios kouroi, Jonge vum Zeus) waren d'Zwillingsbridder Kastor a Polydeukes (lat. Castor a Pollux). Si waren d'Kanner vum Leda. Dem Kastor säi Papp soll dem Leda säi Mann Tyndareos gewiescht sinn, an dem Polydeukes säin den Zeus, deen dofir och onstierflech war. Hir Schwëstere waren d'Helena an d'Klytaimestra.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

D'Dioskuren hunn D'Helena aus der Hand vum Theseus befreit, hunn um Zuch vun den Argonauten deelgeholl (wou dePolydeukes de Kampf mam risege Bebrykekinnek Amykos gewonnen huet), den Herakles begleet wéi e géint d'Amazone gezunn ass a ware bei der Kalydonescher Juegd dobäi.

D'Zwillingen haten enges Daags zesumme mat hire Cousinnen Idas a Lynkeus an Arkadien eng Rannerhäerd gestuel a si hu beschloss se ënnereneen opzedeelen. Den Idas sollt sech dorëm këmmeren, huet sech awer en Trick afale gelooss. Hien huet ee vun de Stéieren a véier gedeelt a gesot deen dee säin Deel fir d'éischt opgiess hätt géif d'Hallschent vun der Häerd kréien, an deen zweeten déi aner Hallschent. Den Idas hat säi Stéck séier giess, an huet duerno sengem Brudder gehollef mat deem sengem Deel. D'Dioskuren, déi sou ëm hiren Deel bedru gi waren, sinn a Messenien agebrach an hunn d'Duechtere vum Leukippos, déi mam Idas a mam Lynkeus verloobt waren, entfouert. Doropshin huet den Idas de Kastor erschloen an de Polydeukes de Lynkeus. Den Zeus huet dunn den Idas mat engem vu senge Blëtzer erschloen. Well d'Bridder sou enk matenee verbonne waren, huet den Zeus hinnen erlaabt fir zesummenzebleiwen, an zwar jeeweils een Dag am Olympos an een Dag an der Ënnerwelt, den Hades. Sou konnt de Polydeukes seng Onstierflechkeet mam stierfleche Kastor deelen.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

De Kult vun den Dioskuren huet sech iwwer ganz Griicheland an Italie verbreet. A Roum si s'an engem Tempel um Forum Romanum veréiert ginn, woubäi am Mëttelpunkt d'Legend stoung datt d'Bridder de Réimer 499 v. Chr. an der Schluecht mat de Latiner um Regillus-Séi Waffenhëllef geleescht an d'Nooriicht vun der Victoire selwer op Roum bruecht hätten.

D'Dioskure si besonnesch vu Matrouse veréiert ginn, deene se als Konstellatioun "Zwilling" de Wee gewisen hunn a si sinn och ëm Hëllef an Noutsituatiounen ugeruff ginn. Als Symbol fir de Wiessel tëscht Liewen an Doud sinn d'Dioskuren och op Grafsteng ze fanne gewiescht, dat nach bis a fréichrëschtlech Zäit.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Castor and Pollux – Biller, Videoen oder Audiodateien