Pompelspäicherwierk Veianen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Haapthiel mat den 9 Maschinnen

D'Pompelspäicherwierk Veianen ass mat enger Nennleeschtung vun 1.096 Megawatt eent vun de gréisste vun där Zort an Europa.

Wéi ass et dozou komm?[änneren | Quelltext änneren]

An engem Bréif un de Staatsminister Paul Eyschen vum 17. November 1909 freet den déizäitegen Direkter vun der Diddelenger Schmelz, den Émile Mayrisch d'Geneemegung fir:

1. eine Talsperre in der Our oberhalb des Dorfes Rodershausen und im Anschluß an dieselbe ein Electricitätswerk errichten zu dürfen.

2. Den natürlichen Flußlauf der Our an der Krümmung, auf welcher das Dorf Bivels liegt, zu unterbrechen und mittels eines Tunnels, welcher die Krümmung durchschneidet, das entstehende Gefälle zur Erzeugung electrischer Kraft zu benutzen. ...

Fir d'Our hydroelektresch auszenotzen, goufe schonn 1925 déi éischt Etüde maache gelooss. Ee vun de Virprojeten hat eng Staumauer vun 106 Meter Héicht bei Stolzebuerg an der Gemeng Pëtscht virgesinn. Mä an deene politesch komplizéierten Zäiten (d'Our mécht do d'Grenz mat Däitschland) sinn déi Pläng am Sand verlaf.

Nom Zweete Weltkrich goufen déi Iddien nees ausgegruewen. Mä ënner anerem wéinst dem klengen Debit vun der Our goufe sech d'Fachleit schlussendlech eens fir e Pompelspäicherwierk mat kënschtlecher Waasserspäicherung a mat engem Dag/Nuecht-Wiessel ze bauen.

Op Virschlag vun der Lëtzebuerger Regierung gouf den 29. Mee 1951 d'Société électrique de l'Our S.A. (SEO) gegrënnt. Déi hat hire Sëtz an der Stad a sollt sech ëm d'Plangen an d'Realiséiere vum Wierk këmmeren.

De Staatsvertrag vum 10. Juli 1958 tëscht dem Groussherzogtum an dem Land Rheinland-Pfalz huet der SEO d'Betribskonzessioun fir 99 Joer (gerechent vum 1. Januar 1965 un) verschaaft.

Am Hierscht 1959 sinn d'Aarbechte fir d'Kraaftwierk ugaangen, no knapps fënnef Joer war alles fäerdeg.

Aus wat besteet dat Ganzt?[änneren | Quelltext änneren]

D'Hielekraaftwierk[änneren | Quelltext änneren]

mat sengen néng dräideelege Maschinnebléck, déi nieftenee stinn, a wou jiddwereng dovun 100.000 Kilowatt Turbinneleeschtung bréngt, besteeet aus dräi Haaptkonstruktiounen:

D'Schachtkraaftwierk[änneren | Quelltext änneren]

besteet aus engem vertikalen zweedeelege Maschinneblock mat 200.000 Kilowatt Turbinneleeschtung, deen 1970 nogebaut gouf . Dës zéngt Maschinn ass an engem Schacht agebaut, net wäit ewech vum ënneschte Baseng, an ass duerch eng eegen Drockleitung mam ieweschte Baseng verbonnen.

Den ieweschte Baseng[änneren | Quelltext änneren]

Vue op en ieweschte Baseng vum Pompelspäicherwierk - 1. Abrëll 2008

Den ieweschte Baseng läit um Niklosbierg a besteet eigentlech aus zwéi Basengen, déi duerch en Damm getrennt sinn. All Baseng huet e sonneren Alaf fir d'Drockleitungen, an d'Ausleef vun den Drainageleitunge si béidsäiteg am Trenndamm.

D'Drockwaassergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Zwou Drockrouerleitunge verbannen d'Alafwierker I an II mat dem Hielekraaftwierk. Si besti jiddwereng aus engem ieweschte vertikalen Deel, engem méi laange schréien Deel a féieren d'Waasser iwwer en horizontele Verdeeler bei d'Turbinnen a bei d'Pompelen.

D'Haapthiel[änneren | Quelltext änneren]

D'Haapthiel, an där déi néng Maschinnebléck stinn, huet e bëtonéiert Verwëllef an ass 330 Meter laang, huet eng Breet vu 17 Meter an en ausgebrachene Plafong vun 30 Meter.

Déi elektromechanesch Installatiounen[änneren | Quelltext änneren]

An der ënnerierdescher Maschinnenhal stinn néng identesch Maschinne mat enger horizontaler Aggregatwell. All Maschinneblock besteet aus:

  • enger Francisturbinn mat engem Duerchfloss vun 39,5 m3/s an enger Leeschtung vun 100.000 kW
  • enger Motorgeneratrice, déi fest un d'Turbinn gekoppelt ass (klassesch hydroelektresch Grupp)
  • enger mat engem Uelegdrockservomotor gesteierter Zännkupplung fir d'Pompel mat der Motorgenertrice ze verbannen.
  • enger Peltonturbinn, vun 2.500 kW déi als Demarreur déngt an d'Pompel op eng synchron Tourenzuel bréngt, éier déi un d'Motorgeneratrice gekoppelt gëtt.
  • enger Späicherpompel, déi duebel geflut ass an op zwéin Niveauë fiert mat enger Pompelkapazitéit vun 21 m3/s an enger Leeschtung vun 69.000 kW.

Den Demarrage, d'Ofschalten an de Betribswiessel vun de Maschinnebléck gëtt vum Kontrollraum aus automatesch gesteiert. Am normalen Déngscht ginn d'Turbinne vun enger Zentral vum RWE-Verdeeler zu Brauweiler an Däitschland gesteiert.

Am Géigesaz zu de Maschinnen 1-9 besteet déi zéngt Maschinn mat enger Turbinneleeschtung vun 200.000 kw aus enger Pompelturbinn mat enger senkrechter Well, déi mat enger Motorgeneratrice fest verbonnen ass.

Den ënneschte Baseng[änneren | Quelltext änneren]

D'Staumauer op der Loumillen

Den ënneschte Baseng gëtt gestäipt vun enger Schwéiergewiichtsmauer, de Staudamm, bei der Veianer Loumillen. Déi Mauer ass 30 Meter héich, d'Dammkroun ass 130 Meter laang an ënner dem Wee 3,8 Meter breet an den Dammfouss ass 28 Meter laang.

D'Fläch vum gestaute Waasser ass 10 Hektar an de Volume vum 8 Kilometer laange "Séi" ass 10 Miliounen Meter Kibb.

Dräi "Kegelstrahlschieber" fir den Oflaf vu bis zu 100 Meter Kibb an der Sekonn an e "Rankschieber" fir 25 Meter Kibb an der Sekonn si bei staarker Waasserféierung a Betrib. En Zweete Rankschieber gëtt gebraucht fir d'Fäinreguléierung bei engem Duerchfloss vu bis zu 1 Meter Kibb/s.

Bei Héichwaasser funktionéiert en Iwwerlaf an erlaabt 180 Kubikmeter/s ofzeloossen.

Beim Fouss vun der Staumauer leeft e klengt Kraaftwierk mat 2 Kaplan-Turbinne vun 3100 kW an 900 kW fir Waasserquantitéite vun engem bis zu 12 Kubikmeter an der Sekonn.

D'Tëschewier zu Stolzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Stolzebuerg bei der Ourbréck fir op Keppeshausen gouf en Tëschewier mat zwou automatesch gesteierte Wierpaarten opgeriicht, dat de Stauséi flossop ofgrenzt. Do lafen zwou Kaplanturbinne bei enger Waasserspigeldifferenz vun 3 Meter an engem Duerchfloss vun 2 Meter Kibb an der Sekonn pro Turbinn, woubäi all Turbinn 32,5 Kilowatt leescht.

Ausbaupläng[änneren | Quelltext änneren]

De 27. Mäerz 2007 huet de Verwaltungsrot vun der SEO decidéiert d'Pompelspäicherwierk vu Veianen ëm eng eeleft Pompelturbinn mat enger Leeschtung vun 200 Megawatt z'erweideren.

De 26. Februar 2009 goufen d'Pläng vun där Erweiderung der Ëffentlechkeet am Detail presentéiert. Sou ass geplangt de Faassungsvolume vum ieweschte Baseng ëm 500.000 op 7,3 Millioune Meter Kipp z'erhéijen an dofir gëtt d'Stauzil vun den zwee Oberbecken jeeweils ëm 1 Meter vun 510,30 m NN op 511,30 m NN gehuewen. Och den ënneschte Baseng muss erweidedert ginn sou datt dat iewescht Stauzil hei ëm 0,5 Meter ughuewe ka ginn. An dofir mussen och e puer Stroossen a Weeër laanscht dëse Baseng méi héich geluecht ginn. D'Aarbechte sollte bis 2012 daueren. (Info 2009 [1][2]) An der Tëschenzäit ass den Zäitplang op 2013 verréckelt ginn. (Info 2011 [3]).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hamer,P.: L'histoire de la centrale de Vianden au Luxembourg. Die Entstehung des Pumpspeicherwerks Vianden in Luxemburg., Luxembourg 1971

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Neue Maschine für den "Riesen-Akku" wort.lu, 27.02.2009
  2. Drittgrößtes Pumpspeicherkraftwerk Europas Artikel am Tageblatt vum 27. Februar 2009
  3. Informatiounstafel vun der SEO zu Stolzebuerg