Pompjeeën
|
|
|
|---|---|
| Lëtzebuerg | 112 |
| Daitschland | 112 |
| Frankräich | 112 |
| Aarten |
|---|
| Beruffspompjeeën |
| Fräiwëlleg Pompjeeën |
| Betribspompjeeën |
| Wierkspompjeeën |
| Jugendpompjeeën |
D'Pompjeeë sinn eng Hëllefsorganisatioun, där hir Aufgab doranner besteet, bei Bränn, Accidenter, Iwwerschwemmungen an an ähnleche Situatiounen Hëllef ze leeschten, d. h., Mënschen, Déieren an Objeten ze retten, ze schützen an ze biergen. Haaptaufgab ass awer d'Rettung, déi prioritär zu allen aneren Aufgabe steet.
Doduerch, datt an de leschte Joerzéngten d'Zuel vun de Bränn staark zréckgaangen ass, iwwerhuelen d'Pompjeeën ëmmer méi Aufgaben, déi iwwer déi traditionell Brandbekämpfung erausginn. D'Genrë vun dësen Aufgaben an d'Strukture vun den eenzelne Corpse si regional ganz ënnerschiddlech.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Déi verschidden Eckdaten a Meilesteng vun den éischten 100 Joer Bestoe vum Pompjeesverband zu Lëtzebuerg vun 1883-1983.
- 1883: De 14. Januar huele 45 Corpsen un der Grënnungsversammlung zu Dikrech deel. Éischte President vum Pompjeesverband war den Edouard Metz bis 1890.
- 1890: De 5. Januar erschéngt déi éischt Nummer “Der Freiwillige Feuerwehrmann”, de Viirgänger vum De lëtzebuerger Pompjee. De Gustave de Marie gëtt den 12. Oktober zum Verbandspresident gewielt.
- 1892: De 7. August ass zu Ettelbréck den éischte Pompjeesdaag mat der Feier vum 10-jährege Bestoe vum Verband.
- 1896: Gesetzlech Unerkennung vun der Stierfkees, déi am Joer 1925 dem Nationalverband vun de Mutualitéite bäitrëtt.
- 1903: De Verband zielt 87 Pompjeescorpsen mat 3100 Mann a senge Reihen.
- 1905: Aféierung vun enger "Spezieller Steier am Intérêt vum Pompjeeswiesen".
- 1910: D'Zuel vun de Verbandscorpsen ass op 148 mat 4500 Aktiven geklomm.
- 1915: De Léon Metz gëtt neie Verbandspresident.
- 1923: An de leschte Joren si vill nei Corpsen dem Verband bäigetrueden, soudass dësen elo op 202 Corpse mat 6100 Aktive Pompjeeë kent.
- 1931: Den Henri Funck-Reding, dee nom Doud vum Léon Metz am Joer 1929 zäitweileg d'Fonctioun vum President iwwerholl hat, gëtt den 20. September offiziell zum Verbandspresident gewielt, e Posten deen en du bis am Joer 1951 besat huet.
- 1933: De 27. August feiert de Verband zu Esch-Uelzecht säi 50-jähregt Bestoen.
- 1951: De 15. September gëtt den Henri Funck-Metzler zum neie President gewielt.
- 1952: D'Schaaffung vun enger ambulanter Pompjeesschoul.
- 1957: De Generalinspecter J.P. Kohl iwwerhëlt d'Leedung vun der Pompjeesschoul zu Cinqfontaines.
- 1961: Participatioun vu Lëtzebuerger Pompjeeën un den 1. Internationalen Feuerwehr-Wettkämpfe vum CTIF zu Bad-Godesberg.
- 1965: De Verbandskongress beschléisst den 18. a 19. September zu Hesper, de Bäitrëttsalter vu Pompjeeën op 10 Joer erof ze setzen a leet domat de Grondsteen fir den Opbau vu Jugendpompjeeën.
- 1966: Dem Verband gëtt eng Erlaabnes erdeelt, eng Fahrschoul fir Pompjeesween iwwer 3.500 kg ze féieren (bis 1982).
Den 20. August gëtt d'"Amicale des Sapeurs-Pompiers Retraités" gegrënnt. Den Henri Funck-Delvaux iwwerhëlt provisoresch d'Presidentschaft vum Verband.
[änneren] Organisatioun
[änneren] De Landesverband
Déi 244 d'Pompjeescorpsen, esouwuel fräiwëlleger ewei och Wierks- a Beruffspompjeeën sinn an hirem Daachverband, der Fédération Nationale des Corps des Sapeurs-Pompiers du Grand-Duché du Luxembourg A.s.b.l., affiliéiert. Des Federatioun koordinéiert d'Service d'Incendie vun den 116 Gemengen aus dem Land.
De Nationale Pompjeesverband deelt sech op an 13 Kantonalverbänn.
[änneren] Organer
[änneren] D'Generalversammlung
[änneren] Den Exekutive Rot
Den Exekutive Rot besteet aus dem President, zwee Vizepresidenten, dem Generalsekretär an dem Generalcaissier.
[änneren] Den Zentralvirstand
Den Zentralvirstand setzt sech zesummen aus
- dem Exekutivrot
- den 13 Delegéierte vun de Kantonalverbänn
[änneren] D'Kantonalverbänn
- 1. Pompjeeskantonalverband Lëtzebuerg-Stad
- 2. Pompjeeskantonalverband Lëtzebuerg-Land
- 3. Pompjeeskantonalverband Kanton Kapellen
- 4. Pompjeeskantonalverband Kanton Esch Uelzecht
- 5. Pompjeeskantonalverband Kanton Miersch
- 6. Pompjeeskantonalverband Kanton Klierf
- 7. Pompjeeskantonalverband Kanton Dikrech
- 8. Pompjeeskantonalverband Kanton Veianen
- 9. Pompjeeskantonalverband Kanton Réiden
- 10. Pompjeeskantonalverband Kanton Woltz
- 11. Pompjeeskantonalverband Kanton Iechternach
- 12. Pompjeeskantonalverband Kanton Gréiwemaacher
- 13. Pompjeeskantonalverband Kanton Réimech
[änneren] D'Jugendpompjeeën
[änneren] D' "Amicale des Sapeurs-Pompiers retraités"
[änneren] D' "Mutuelle vun de Lëtzebuerger Pompjeen"
[änneren] Instruktioun an Déngscht
[änneren] Pompjeesschoul
Déi National Pompjeesschoul mat Sëtz zu Nidderfeelen iwwerhëlt dei komplett Instruktioun vum Lëtzebuerger Pompjeeswiesen. All Kantonalverband stellt jeweils ee Kantonalinstruktor deen a senger Fonctioun domat chargéiert ass, d'Instruktioun a deem Kanton wou en täteg ass, ze koordinéieren.
Déi verschidde Coursen déi zur Ausbildung vun engem Pompjeeë gehéiere sinn:
- Jugendpompjeeléiergank (JGA)
- Grondléiergank (FGA)
- Éischt Hëllef
- Otemschutzléiergank (AGT)
- Sauvetageléiergank
- Funkléiergank (FKL)
- AGT
- CF1
- CF2
- BAT1
- BAT2
- BAT3
- GSE1
- GSE2
[änneren] Material an Equipement
Fir d'Erfëllung vun de verschiddenen Aufgaben, hunn d'Pompjeeën an der Neizäit eng Villzuel vun techneschem Geschir, an dat perséinlecht Equipement vun all Pompjee, dat an all Pompjeesbau ënnerbruecht ass. Dëst ass geduecht de Pompjeesdéngscht viru Geforen bei Ausbildung, Übung an Asaz ze schützen.
A verschiddene Länner, esou wéi och zu Lëtzebuerg, sinn d'Pomjeeën och fir de Rettungsdéngscht zoustänneg an hunn dofir och déi néideg Ween a Geschirer.
[änneren] Perséinlecht Equipement
Zum perséinlechen Equipement vun all Lëtzebuerger Pompjee gehéiert:
- Gallet F1 Helm (eventuell mat Helmluucht)
- Kombinaison F1
- Secherhéets-Pompjeestiwwelen
- Nomex III Jackett
- Nomex III Box
- Secherheetsrimm (Reflekter)
- feierfest Lieder-Händschen
- Funkmelder (Piipsert)
Doriwwer eraus komme bei de Pompjeeë och Kommunikationssystemer an Technik fir ënner anerem d'Alarméierung zum Asaz. A gréissere Corpsen ass all Pompjee am Besëtz vun engem Funkmelder (Piipsert), iwwer deen e vum Noutruff 112 a senger Unitéit op en Asaz geruff ka ginn.
[änneren] Pompjeestechnescht Material
[änneren] Pompjeesgefier
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pompjeesgefier ![]()
[änneren] Déngschtgraden
D'Lëtzebuerger Pompjeeë si, genee wéi an anere Länner no engem militäresche System opgebaut an hu soumat huet jidder Pompjee jee no Déngschtalter, Fonctioun an Ausbildung e Grad.
D'Dénschtgraden op "Velcro" sinn:
- 1. Pompjeeë
- 2. Ënneroffizéier
- 3. Offizéier
[änneren] Kuckt och
- Pompjeesgefier
- Fluchhafepompjeeën
- Pompjeeë Gemeng Mamer
- Noutruff
- Éischt Hëllef
- Protection Civile
- Ambulanz
- Sauvetage
- SAMU
- Luxembourg Air Rescue
- Fräiwëlleg Pompjeeë Mutfert-Méideng
[änneren] Um Spaweck
- Reglement ministériel vun 1965 iwwer d'Reorganisatioun vum Service d'incendie zu Lëtzebuerg
- Reglement vun 1970, dat d'Reglement vun 1965 deelweis ëmännert
- Loi du 12 juin 2004 portant création d'une Administration des services de secours
- Fédération Nationale des Corps de Sapeurs-Pompiers du Grand-Duché de Luxembourg
- 112 - Portail des Secours du Grand-Duché de Luxembourg
- Centre d'intervention Beetebuerg
- Fräiwelleg Pompjeeën Mutfert-Méideng
- Fräiwelleg Pompjeeën Ettelbreck
- Fräiwelleg Pompjeeën Rouspert-Steenem
- Luxfirerescue
- Wierkspomjeeën vun der Goodyear: Fire and rescue team Goodyear (de)
| Commons: Fire engines – Biller, Videoen oder Audiodateien |
