Pompjeeën

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Pompjeeën
Noutruffnummer vun de Pompjeeën
Lëtzebuerg 112
Daitschland 112
Frankräich 112
Aarten
Beruffspompjeeën
Fräiwëlleg Pompjeeën
Betribspompjeeën
Wierkspompjeeën
Jugendpompjeeën

D'Pompjeeë sinn eng Hëllefsorganisatioun, där hir Aufgab dora besteet, bei Bränn, Accidenter, Iwwerschwemmungen an an änleche Situatiounen Hëllef ze leeschten, d. h., Mënschen, Déieren an Objeten ze retten, ze schützen an ze biergen. Haaptaufgab ass awer d'Rettung, déi prioritär zu allen aneren Aufgabe steet.

Doduerch, datt an de leschte Joerzéngten d'Zuel vun de Bränn staark zeréckgaangen ass, iwwerhuelen d'Pompjeeën ëmmer méi Aufgaben, déi iwwer déi traditionell Brandbekämpfung erausginn. D'Genrë vun dësen Aufgaben an d'Strukture vun den eenzele Corpse si regional ganz ënnerschiddlech.

Lëtzebuerger Pompjeeën[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi verschidden Eckdaten a Meilesteng vun den éischten 100 Joer Bestoe vum Pompjeesverband zu Lëtzebuerg vun 1883-1983.

  • 1883: De 14. Januar si 45 Corpsen op der Grënnungsversammlung zu Dikrech. Éischte President vum Pompjeesverband war den Edouard Metz bis 1890.
  • 1890: De 5. Januar kënnt déi éischt Nummer “Der Freiwillige Feuerwehrmann” eraus, et ass de Virgänger vum De lëtzebuerger Pompjee. De Gustave de Marie gëtt den 12. Oktober zum Verbandspresident gewielt.
  • 1892: De 7. August ass zu Ettelbréck den éischte Pompjeesdag mat der Feier vum 10-järege Bestoe vum Verband.
  • 1896: Gesetzlech Unerkennung vun der Stierfkees, déi am Joer 1925 dem Nationalverband vun de Mutualitéite bäitrëtt.
  • 1903: De Verband huet 87 Pompjeescorpse mat am Ganzen 3.100 Mann a senge Reien.
  • 1905: Aféierung vun enger "Spezieller Steier am Intressi vum Pompjeeswiesen".
  • 1910: D'Zuel vun de Verbandscorpsen ass op 148 mat 4500 Aktive geklommen.
  • 1915: De Léon Metz gëtt neie Verbandspresident.
  • 1923: An de leschte Joren si vill nei Corpsen dem Verband bäigetrueden, soudatt dësen elo op 202 Corpse mat 6100 Aktive Pompjeeë klëmmt.
  • 1931: Den Henri Funck-Reding, deen nom Doud vum Léon Metz am Joer 1929 zäitweileg d'Funktioun vum President iwwerholl hat, gëtt den 20. September offiziell zum Verbandspresident gewielt, e Posten deen en du bis am Joer 1951 besat huet.
  • 1933: De 27. August feiert de Verband zu Esch-Uelzecht säi 50-järegt Bestoen.
  • 1951: De 15. September gëtt den Henri Funck-Metzler zum neie President gewielt.
  • 1952: D'Schaaffung vun enger ambulanter Pompjeesschoul.
  • 1957: De Generalinspecter J. P. Kohl iwwerhëlt d'Leedung vun der Pompjeesschoul zu Cinqfontaines.
  • 1961: Participatioun vu Lëtzebuerger Pompjeeën un den 1. Internationalen Feuerwehr-Wettkämpfe vum CTIF zu Bad-Godesberg.
  • 1965: De Verbandskongress beschléisst den 18. a 19. September zu Hesper, de Bäitrëttsalter vu Pompjeeën op 10 Joer erofzesetzen a leet domat de Grondstee fir den Opbau vu Jugendpompjeeën.
  • 1966: De Verband kritt eng Erlabnes fir eng Fuerschoul fir Pompjeesween iwwer 3.500 kg ze féieren (bis 1982).

Den 20. August gëtt d'"Amicale des Sapeurs-Pompiers Retraités" gegrënnt. Den Henri Funck-Delvaux iwwerhëlt provisoresch d'Presidentschaft vum Verband.

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Ford Transit vun de Pompjeeë Rollengergronn

De Landesverband[änneren | Quelltext änneren]

Déi 244 Pompjeescorpsen, souwuel fräiwëlleger wéi och Wierks- a Beruffspompjeeë sinn an hirem Daachverband, der Fédération Nationale des Corps des Sapeurs-Pompiers du Grand-Duché du Luxembourg A.s.b.l., affiliéiert. Déi Federatioun koordinéiert d'Service d'Incendie vun den 116 Gemengen aus dem Land.

Den Nationale Pompjeesverband deelt sech an 13 Kantonalverbänn op.

Organer[änneren | Quelltext änneren]

D'Generalversammlung[änneren | Quelltext änneren]
Den Exekutive Rot[änneren | Quelltext änneren]

Den Exekutive Rot besteet aus dem President, zwéi Vizepresidenten, dem Generalsekretär an dem Generalcaissier.

Den Zentralkommitee[änneren | Quelltext änneren]

Den Zentralkommitee setzt sech zesummen aus

  • dem Exekutivrot
  • den 13 Delegéierte vun de Kantonalverbänn
D'Kantonalverbänn[änneren | Quelltext änneren]
D'Jugendpompjeeën[änneren | Quelltext änneren]
D'"Amicale des Sapeurs-Pompiers retraités"[änneren | Quelltext änneren]
D'"Mutuelle vun de Lëtzebuerger Pompjeen"[änneren | Quelltext änneren]

Instruktioun an Déngscht[änneren | Quelltext änneren]

Pompjeesschoul[änneren | Quelltext änneren]

Déi National Pompjeesschoul mat Sëtz zu Nidderfeelen iwwerhëlt déi komplett Instruktioun vum Lëtzebuerger Pompjeeswiesen. All Kantonalverband stellt jeeweils ee Kantonalinstrukter deen a senger Funktioun domat chargéiert ass, d'Instruktioun an deem Kanton wou en täteg ass, ze koordinéieren.

Déi verschidde Coursen déi zur Ausbildung vun engem Pompjeeë gehéiere sinn:

  • Jugendpompjeeléiergank (JGA)
  • Grondléiergank (FGA)
  • Éischt Hëllef
  • Otemschutzléiergank (AGT)
  • Sauvetageléiergank
  • Funkléiergank (FKL)
  • AGT
  • CF1
  • CF2
  • BAT1
  • BAT2
  • BAT3
  • GSE1
  • GSE2

Material an Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi verschidden Aufgaben z'erfëllen, hunn d'Pompjeeën an der Neizäit vill technescht Geschier, an dat perséinlecht Ekipement vun all Pompjee, dat an all Pompjeesbau ënnerbruecht ass. Dat ass geduecht de Pompjeesdéngscht viru Gefore bei der Ausbildung, Übung an am Asaz ze schützen.

A verschiddene Länner, sou wéi och zu Lëtzebuerg, sinn d'Pomjeeën och fir de Rettungsdéngscht zoustänneg an hunn dofir och déi néideg Ween a Geschier.

Perséinlecht Ekipement[änneren | Quelltext änneren]

Zum perséinlechen Ekipement vun all Lëtzebuerger Pompjee gehéiert:

Motorola Firestorm II - Piepsert

Doriwwer eraus, komme bei de Pompjeeën och Kommunikatiounssystemer an Technik fir ënner anerem d'Alarméierung zum Asaz. A gréissere Corpsen huet all Pompjee e Funkmelder (Piipsert), iwwer deen e vum Noutruff 112 a vu senger Unitéit op en Asaz geruff ka ginn.

Pompjeestechnescht Material[änneren | Quelltext änneren]

Pompjeesgefier[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Pompjeesgefier.

Déngschtgraden[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëtzebuerger Pompjeeë si, genee wéi an anere Länner no engem militäresche System opgebaut an hu sou huet jiddwer Pompjee jee no Déngschtalter, Funktioun an Ausbildung e Grad.

D'Dénschtgraden op "Velcro" sinn:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pompjeeën – Biller, Videoen oder Audiodateien