Pont Albert Ier

Vu Wikipedia
De Pont Albert Ier vu flossop gesinn
Rietsen Opleeër vum Pont Albert Ier

De Pont Albert Ier och nach Pont Du Roi Albert genannt, ass eng Bréck iwwer d'Meuse zu Léck. Si verbënnt de Quartier La Boverie um rietsen Uwänner, mat dem Zentrum vu Léck, an dem Quartier Guillemins um lénksen Uwänner, an dat iwwer de Boulevard du Frère Orban an d'Avenue Rogier.

D'Albert Ier-Bréck ass déi véiert Bréck op där Plaz. Déi éischt Bréck déi Pont de Commerce geheescht huet war 1866 a Betrib geholl ginn, an et huet e missen dräi Centimes bezuelen, fir se kënnen ze benotzen. 1903 huet d'Stad Léck d'Péagerecht opkaaft, an 1905 gouf am Kader vun der Weltausstellung mam Bau vun enger neier Bréck ugefaangen, déi dem Trafic, deen ëmmer méi grouss gouf, ugepasst war.

1940 gouf d'Bréck sabotéiert fir de Virmarsch vun der Wehrmacht ze bremsen. Duerno gouf se duerch eng provisoresch Passerell ersat.

Et huet du bis 1957 gedauert bis déi haiteg Bréck opgeriicht gouf.

Déi nei Bréck ass eng Dunnebréck aus stolen Hueldunnen déi eng variabel Héicht hunn. Si ass ronn 170 m laang an huet 5 Fuerbunnen.

Vum Quartier Longdoz aus kënnt een op d'Bréck wann een duerch den Tunnel ënner der Derivation fiert, oder iwwer de Pont de Huy, deen iwwer d'Derivatioun féiert.

Nopeschbrécken[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]