Pont Neuf

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pont Neuf
Pont Neuf Paris.jpg
Land Flag of France.svg Frankräich
Stad Paräis
Koordinaten Gnome-globe.svg48° 51’ 24’’ N
     02° 20’ 27’’ E
Iwwer Seine
Funktioun Stroossebréck
Charakteristiken
Typ Boubréck
Längt 238 m
Breet 22 m (Tablier)
Héicht -
Material Steen
Opgaangen/Ageweit 1578 - 1607
Architekt(en) J. Androüet du Cerceau, F. des Isles,
G. Marchand, T. Métezeau


De Pont Neuf (lëtz.: Nei Bréck) ass, och wann den Numm eppes aneres vermudde léisst, eng vun den eelste Brécken zu Paräis. De Pont Neuf leeft iwwer d'Seine a gouf a Frankräich als Monument historique klasséiert.

Metro-M.svg Dohi kënnt een iwwer d'Metrosstatioun: Pont Neuf.

Wéi déi meescht Brécken aus der Bauzäit vum Pont Neuf setzt sech och dësen aus e puer klenge Béi zesummen. De Pont Neuf ënnerscheet sech awer vun de weidere Paräisser Brécken a verschiddene Punkter. Et war déi éischt Bréck déi iwwer d'ganz Seine gaangen ass. Ausserdeem war et déi éischt Bréck, déi net op béide Säiten Haiser stoen hat. Zu gudder lescht war och d'Reiderstatu vum Henri IV. eng Nouveautéit um Pont Neuf.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Pont Neuf, 1577

Nom Pont aval a Pont amont vum Boulevard périphérique ass de Pont Neuf déi drëttlängst Bréck vun der Stad Paräis. Et ass eng Boubréck aus Steen. D'Decisioun fir d'Bréck ze baue gouf am Joer 1577 getraff, an den 2. November vun dësem Joer huet de Kinnek Henri III. eng Kommissioun designéiert, déi d'Konstruktioun vun der Bréck iwwerwaache sollt. De Claude Marcel, Generalkontroller vun de Finanzen, war d'Verbindung tëscht der Kommissioun an dem Kinnek. D'Konstruktioun gouf duerch Patentbréiwer vum 16. Mäerz 1578 vum Kinnek autoriséiert.

Den 31. Mee 1578 huet de Kinnek Henri III. perséinlech den éischte Stee vum Pont Neuf geluecht, dobäi waren d'Kinnigin-Mamm Katharina vu Medici an d'Kinnigin Louise vu Loutrengen-Vaudémont. Gebaut gouf d'Bréck ënner de Kinneken Henri III. an Henri IV., vu 1578 bis 1607. De Schantjen hat duerch d'Biergerkricher Verspéidung kritt, a während 10 Joer, vu 1588-1598 gouf net un der Bréck geschafft. Am Joer 1599 huet de Kinnek Henri IV. den Optrag ginn, mat den Aarbechten nees weiderzefueren, an huet dës Aufgab un de Guillaume Marchant an de François Petit weiderginn.

Den 2. Januar 1602 huet den Henri IV. de Bau vun enger grousser Pompel - Pompe de la Samaritaine - an Optrag ginn, fir d'Palaisë vum Louvre a vun den Tuileries mat Waasser ze versuergen. Dës Pompel gouf 1813 zerstéiert.

De Pont Neuf war déi éischt Bréck zu Paräis, déi keen Daach hat. Am Juli 1606, wéi d'Aarbechte lues awer sécher op en Enn gaange sinn, huet den Henri IV. de Bau vun enger Plaz decidéiert, mat Haiser mat identescher Fassad - d'Place Dauphine.

Pierre-Auguste Renoir, Le Pont Neuf, 1872.

Den 23. August 1614, véier Joer nom Doud vum Kinnek, gouf seng Reiderstatu ageweit, déi d'Maria vu Medici beim Giovanni Bologna an Optrag ginn hat. Dës Statu huet d'Revolutioun net iwwerlieft, Deeler goufe 1792 ageschmolt, fir Kanounen draus ze géissen. Eng nei Statu gouf ënner der Restauratioun ënner dem Louis XVIII. an Optrag ginn, an 1818 fäerdeggestallt. D'Artiste waren de Lemot an den Tasca.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont Neuf – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vue op d'Île de la Cité mat dem Pont Neuf
Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.