Pont de Fragnée

Vu Wikipedia
Pont de Fragnée
Pont de Fragnée
Informatiounen
Land Belsch
Stad Léck
Geographesch Lag 50° 37’ 15’’ N
      05° 34’ 44’’ O
Längt 177,6 m.
Breet 17, 2 m.
Felder 3
Längt vun de Felder 53,725 - 57,750 - 53,725
Archtitekten &
Ingenieuren
E. Jacquemin, P. Demany
Typ Boubréck
Material Stol - Steen
Baujoer 1901 - 1904
Kategorien
Brécken an der Belsch Boubrécken

De Pont de Fragnée ass eng Bréck zu Léck déi iwwer d'Meuse geet, just op der Plaz wou d'Ourthe an d'Meuse leeft a wou d'Derivatioun vun hir fortgeet. Déi aner Bréck, déi hei iwwer d'Ourthe geet, an u si stéisst ass de Pont de Fétinne.

D'Bréck gouf tëscht 1901 an 1904 fir d'Universalaustellung vun 1905 an dem selwechte Konstruktiounsstil wéi de Pont Alexandre-III vu Paräis gebaut. D'Technesch Konzeptioun ass vum Ingenieur Emile Jacquemin an d'Dekoratioun vum Architekt Paul Demany an d'Skulpture si vum wallounesche Sculpteur Victor Rousseau.

Op all Uwänner stinn an der Opfahrt fir op d'Bréck zwou Sailen aus Petit granit. Op der Spëtz dovu stinn déi sougenannt Renommées. Dat si bronze Skulpturen, mat Gold iwwerzunn, déi en Engel mat Flilleken duerstellen, deen an eng Trompett bléist.

Wéi déi belsch Arméi d'Bréck am Mee 1940 an d'Luucht gejot hat, ware glécklecherweis d'Sailen net beschiedegt ginn an d'Engele konnten erofgeholl ginn a goufen de Krich iwwer verstoppt.

Laanscht den Trëttoir leeft en ciseléiert Fer forgés Gelänner. All Element besteet aus 28 Deeler an engem grousse Medaillon. Déi Medaillone weisen ofwiesselnd e Gesiicht vun engem Mann an enger Fra. Um Fouss vun all Entréessail steet eng allegoresch Skulptur, an aacht Tritone verdeele sech op déi véier Spëtze vun de Flosspilieren an op véier Sockelen an der Entrée op den zwou Säite vun der Bréck. Déi Tritone waren 1940 beim Sprenge vun der Bréck, bis op een, an d'Meuse gefall, wou se eréischt 1959 nees erausgefëscht goufen [1]

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1901: D'Fëllementer gi gemaach.
  • 1902: Déi éischt Fondatiounskëscht gëtt am Floss gesat.
  • 1903: D'Gesellschaft John Cockerill kritt den Zouschlag fir d'Metallstruktur fir de Präis vu 667.940 Frang.
  • 1904: D'Bréck geet a Betrib.
  • 1940: D'Bréck gëtt op Uerder vum Ministère de la Défense nationale an d'Luucht gejot.
  • 1946: D'Bréck gëtt erëm d'selwecht opgeriicht wéi virdrun, just d'Breet vun der Fuerbunn gëtt op 17,2 m vergréissert.
  • 1948: De Verkéier rullt erëm.
  • 1959: Statue kommen erëm op hir Plaz.
  • 14. Mäerz 1994: de Pont de Fragnée, de Pont de Fétinne an de Square Gramme ginn als Monumenter vum Patrimoine wallon klasséiert. De Pont de Fragnée gouf doberbäi als Patrimoine exceptionnel klasséiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Liège au temps des trams, Säit 80

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Pont de Fragnée, Liège – Biller, Videoen oder Audiodateien