Pont de Liège

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Pont de Liège
Pont de Liège
Informatiounen
Land Belsch
Stad Léck
Geographesch Laag 50° 36' 58" N
05° 34' 44" O
Längt 327,5 m.
Breet 25,9 m.
Héicht vum Pilier 75 m.
Archtitekten &
Ingenieuren
Büro Greisch
Typ Schréiseelbréck
Material Stol / Virgespaante Bëtong
Baujoer 2000
Kategorien
Brécken an der Belsch Schréiseelbrécken


De Pont de Liège ass eng Autobunnsbréck a Schréiseelbréck déi zur Verbindung E40-E25 gehéiert. Si ass am Joer 2000 a Betrib geholl ginn.

Si verbënnt Angleur mat Cointe a geet iwwer d'Meuse. D'Bréck déi eng Totallängt vun 327,5 m Meter huet besteet aus 3 Sektiounen. Um lénksen Uwänner vun der Meuse tëscht dem Échangeur des Tilleuls an engem Opleeër laanscht d'Meuse féiert eng 31,5 m laang Dunnebréck iwwer de Quai Banning fir den Uschloss un déi eigentlech Schréiseelbréck ze maachen. Déi besteet aus zwéin asymetreschen Deeler wovunner den ee mat enger Längt vun 162 m déi eigentlech Bréck iwwer d'Meuse duerstellt, an dem anere vun 134 m d'Kontergewiicht mécht, dat anengems den Daach vum Nordportal vum Tunnel vu Kinkempois bilt.

Déi speziell Konzeptioun vu Kontergewiicht, eng sougenannt Culée contrepoids, war d'Léisung fir kënnen direkt um Uschloss vun der eigentlecher Bréck, op der Héicht vum Dropilier, mat enger kontinuéierlecher Pente vu 6,5 % weider an den Tunnel vu Kinkempois ze kommen. Desweideren huet déi Konzeptioun vum Kontergewiicht d'Méiglechkeet gebueden, fir d'Wunnquartieren um rietsen Uwänner optimal géint den Autobunnskamméidi ze schützen.

De Kär vun der Bréck besteet aus enger stoler Huelkëscht (4,5 m x 3,75 m), un déi op 2/3 vun der Héicht d'Tabliere vun de Fuerbunnen op den zwou Säiten drumontéiert goufen. D'Tablieren déi 10,70 m breet sinn, gi mat zylindresche Schréiverstriewungen vun engem Duermiesser vun 30 cm, de sougenannte Bracons, déi op all 3 Meter ubruecht sinn, um Buedem vun der Huelkëscht ofgestäipt. An der Këscht sinn all 6 Meter sougenannt Bossagen agebaut, un deenen déi ënnescht Verankerunge vun de Schréiseeler festgemaach sinn.

De Pilier deen eng liicht konesch Form huet ass 75 Meter héich. En huet op der Basis en Duerchmiesser vu 4,30 Meter an op der Spëtz sinn et 3,20 Meter. Vun der halwer Héich un, gouf wéinst de Verankerunge vun de Schréiseeler, op enger Längt vu 35 Meter e stole Käfeg mat an de Bëtong agegoss.

De Pont de Liége mat der Entrée vum Tunnel de Kimkempois riets am Bild
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen