Pont de l'Observatoire

Vu Wikipedia

De Pont de l'Observatoire ass eng Bréck zu Léck, déi vun der Avenue de l'Observatoire an de Parking vun der Gare des Guillemins féiert.

Eng Konventioun tëscht der SNCB, EuroLiège TGV, der Wallounescher Regioun an der SOFICO hat am Kader vum Bau vun der neier TGV's-Gare, a vun der Verbindung E40-E25, virgesinn, en Uschloss vum Parking vun der Gare un de Verdeeler Guillemins ze bauen. Doduerch sollt Liége-Guillemins eng vun den éischten TGV's-Garë ginn déi bal am Zentrum vun der Stad läit, an nach dobäi en direkten Uschloss un d'Autobunnsnetz huet.

Obschonn de Bau vun der neier Gare nach net ugefaangen hat, gouf mam Bau vun der Bréck gläichzäiteg mam Stroossebau ugefaangen, dat haaptsächlech fir engem Verkéiersproblem bei engem spéidere Bau aus de Féiss ze goen. Wéinst der harmonescher Gestaltung am Uschloss un d'Gare gouf de selwechten Architekt wéi dee vun der Gare, de Santiago Calatrava chargéiert de Plang vun der Bréck auszeschaffen, deen eng stole Konstruktioun mat Bëtongs Tablier proposéiert huet.

Déi 200 Meter laang Bréck besteet aus zwéin Deeler:

  • eng Bowstringbréck vun 82 Meter, déi op der Héicht vun de Portale vum Tunnel vu Cointe iwwer d'Autobunn féiert, mat Uschloss un d'Avenue de l'Observatoire.
  • en 122 Meter laange Viaduc deen an der Verlängerung vun der Bréck bis op den ieweschte Parking vum Parkhaus féiert.

D'Bowstringbréck[änneren | Quelltext änneren]

Deen Deel vun der Bréck, ass eng gemëschte Konstruktioun. D'Struktur ass aus Stol an den Tablier am arméiertem Bëtong. Dat Ganzt hänkt an 42 Seeler déi un engem stole Bou festgemaach sinn, deen en Duerchmiesser vu 750 mm huet, bei enger Materialdéckt vun 80 mm. Den Ënnerbau vun Tablier besteet aus engem Zuchrouer vun 1.420 mm Durchmiesser an 40 mm Déckt. Un dëse Rouer, ginn well Bréck en aachtels Krees beschreift, a Funktioun vum Radius, 25 Traversen ugeschweesst. Doduerch huet all Traverse eng aner Geometrie an Orientatioun wéi d'Nopeschtraverse. Op de baussenzegen Enner sinn d'Traversen durch sougenannt Tubes de rive maatenaner verbonnen, un deenen Oueren ugeschwwesst sinn fir d'Halterunge vun den Droseeler.

Déi zwou Extremitéite vum Bou sinn op all Säit iwwer e sougenannte Boufouss mam Zuchrouer verbonnen. Déi zwéi Bouféiss hunn Opleeër aus Neopren de beschlo gouf, an déi d'Kraaft op der Säit vun der Avenue de l'Observatoire op e bëtongs Widderlager iwwerdroen, an op der Säit vun der Gare op eng stole Palée un déi de Viaduc stéisst.

De Viaduc[änneren | Quelltext änneren]

De Viaduc tëscht der Bowstring-Bréck an dem Parkhaus, besteet aus 14 stole Pilieren déi 9 Meter vunenaner stinn. E Feld vu 5 Meter Längt verbënnt den éischte Pilier mam Opleeër vum Bowstring. D'stole Piliere sinn an T-Form an ënnereneen duerch stole Réier vun engem Duerchmiesser vu 457 mm an enger Déckt vun 20 mm, matenenee verbonnen, an op deenen tëscht de Pilieren nach zwou Traversë leien, déi hëllefen de Bëtongstablier ze droen.