Pont des Vennes

Vu Wikipedia
De Pont des Vennes vun der Boverie aus gesinn

De Pont des Vennes ass eng Bréck zu Léck iwwer d'Derivatioun. Déi haiteg Bréck ass déi drëtt Bréck op der Plaz.

Wéi géint 1850 d' Derivatioun amenagéiert gouf, huet missen eng Bréck gebaut ginn, fir d'Verbindung tëscht dem Quartier Vennes an der Boverie ze maachen.

1852 gouf d'Bréck ausgeschriwwen, an d'Firma Tilkin-Mention krut den Optrag fir d'Bréck ze bauen. Et war eng metallen Hänkbréck, déi den Aventage hat. datt se keng Flosspilieren hat. Et konnt awer ëmmer nëmmen ee Vehikel am selwechte Moment d'Bréck passéieren.

Wéi dunn d'Aarbechte fir d'Universalausstellung vun 1905 lass gaange sinn, gouf decidéiert fir eng nei Bréck ze bauen. Sou gouf 1903 no Pläng vum Ingenieur Émile Jacquemin déi nei Bréck gebaut, e puer Meter flossaf vun der Hänkbréck.

Du war et 1976 un där hirem Tour fir ewechgerappt ze ginn. Déi Bréck déi dunn an d'Plaz koum, war eng Bréck a Cantileverbauweis, mat engem agesate Mëttelstéck, a se gouf am arméiertem Bëtong, mat virgespaantem Bëtong gebaut.

Bréck ass 93,147 Meter laang, an 21,20 Meter breet.

Um lénksen Uwänner mécht se d'Verbindung mat der Rue du Parc a riets mat dem Boulevard Raymond Poincaré.

Hir Nopeschbrécke sinn no uewen, de Pont Gramme, de Pont de Fétinne, an de Pont de Fragnée déi praktesch op enger Héicht leien, an no ënnen ass et de Pont de Huy

Koordinate vun der Bréck:50° 37’ 47’’ N
      05° 34’ 41’’ O

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]