Ponte Pênsil Alexandrino de Alencar

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Ponte Pênsil Alexandrino de Alencar war eng Transborderbréck zu Rio de Janeiro. Et war eng Hänkbréck an huet d'Festland mat der Ilha das Cobras verbonnen, op där Schëffschantercher an de Spidol vun der Marinn waren.

D'Bréck déi tëscht 1910 an 1914 vun enger däitscher Firma opgeriicht gouf, war 168 Meter laang an hat eng fräi Héicht iwwer Waasser vun 20 Meter. Se gouf den 30. Mee 1914 a Betrib geholl. Si war nom Admirol Alexandrino Faria de Alencar genannt ginn, deen déi Zäit als Minister vun der brasilianescher Marinn den Uerder ginn hat d'Bréck ze bauen.

Den Trolley gouf vun elektresche Motoren ugedriwwen déi um Trolley selwer installéiert waren. D'Transbordergondel, déi zimmlech kleng war, houng an eise Staangen.

D'Bréck gouf 1935 zougmaach a kuerz drop mat enger Stroossebréck dem Ponte Arnaldo Luz ersat.