Popstars
Popstars ass eng däitsch Castingshow, an där Bands gecast ginn.
Inhaltsverzeechnes |
Staffel 1 (2000) [änneren]
- Titel: Du bist mein Traum
- Jury: Simone Angel, Mario M. Mendryzcki, Rainer Moslener
- Band: No Angels
- Nieweprodukt(e): Curly, Fresh'n'Juicy
- Coaches: Detlef Soost
No der Victoire vun den No Angels ass hir Single Daylight in your eyes International op Plaz 1 komm. D'No Angels si bis haut déi Popstars-Band mat deem gréisste Succès.
Staffel 2 (2001) [änneren]
- Titel: Du bist mein Traum
- Jury: Alex Christensen, Detlef Soost, Noah Sow
- Band: Bro'Sis
- Nieweprodukt(er): Yasmin K., Senad, Johnny MC
- Coaches: Artemis Gounaki, Detlef Soost
Nom Erfolleg vun den No Angels huet RTL2 nach eng Kéier eng Staffel gemaach. Bei daer 2. Staffel konnte Männer a Fraen matmachen. Déi éischt Single vu Bro'Sis, I belive, hat vill méi Succès ewéi de Start vun den No Angels. Och dee folgenden Album hat vill Succès, mee déi, déi nokoumen, net méi esou.
Staffel 3 (2003) [änneren]
- Titel: Das Duell
- Jury: Uwe Fahrenkrog-Petersen, Sabrina Setlur, Detlef Soost
- Band: Overground
- Nieweprodukt(er): Fabrizio, Preluders
- Coaches: Artemis Gounaki, Detlef Soost
Déi 3. Staffel gouf op ProSieben gewissen an Overground gouf gecast. Des Kéier gouf et an der Finall en Duell tëschent enger Boygroup an enger Girlgroup. Wéi bei Bro'Sis hat déi éischt Single an deen éischten Album jett Succès. Duerno war et domadder séier eriwwer.
Staffel 4 (2004) [änneren]
- Titel: Jetzt oder nie!
- Jury: Uwe Fahrenkrog-Petersen, Lukas Hilbert, Sandy Mölling
- Band: Nu Pagadi
- Nieweprodukt(er): Tryna
- Coaches: Artemis Gounaki, Detlef Soost, Arno Schmitt, Robin D.
Déi 4. Staffel gouf als lescht Staffel ugekënnegt. Gecast gouf d'Band Nu Pagadi, déi een als One-Hit Wonner bezeechne kann.
Staffel 5 (2006) [änneren]
- Titel: Neue Engel braucht das Land
- Jury: Dieter Falk, Nina Hagen, Detlef Soost
- Band: Monrose
- Nieweprodukt(er): Bisou
- Coaches: Arno Schmitt, Julie Denise Hyangho, Stafano Maggio, Rafael Antonio
Gecast gouf heibäi d'Girlgroup Monrose. Monrose gehéiert zu den erfollegräichste Popstars Band. Déi 2 Albumen konnte sech op Plaz 1 placéieren.
Staffel 6 (2007) [änneren]
- Titel: On Stage
- Jury: Jane Comerford, Dieter Falk, Detlef Soost, Marusha, Nina Hagen
- Band: Room2012
- Nieweprodukt(er): Mehdi, Marcella McCrae
- Coaches: Rafael Antonio, Jane Comerford, Julie Denise Hyangho, Arno Schmitt, Detlef Soost
An der sechster Staffel vu Popstars gouf d'Band Room2012 gecast. Net emol déi éischt Publikatioune vun hinne konnte sech an den Charts placéieren.
Staffel 7 (2008) [änneren]
- Titel: Just 4 Girls
- Jury: Detlef Soost, Sido, Loona
- Band: Queensberry
- Nieweprodukt(er):
- Coaches: Detlef Soost, Kate Hall, Marco da Silva, Alexander Geringas
Staffel 8 (2009) [änneren]
- Titel: Du & Ich
- Jury: Detlef Soost, Michelle Leonard, Alex Christensen
- Band: Some & Any
- Coaches: Detlef Soost, Kate Hall, Stefano Maggio, Rafael Antonio
Staffel 9 (2010) [änneren]
- Titel: Girls forever
- Jury: Detlef Soost, Marta Jandová, Thomas M. Stein
- Band: LaVive
- Coaches: Aino Laos, Dion Davis
Staffel 10 (2011) [änneren]
ProSieben huet decidéiert Popstars pauséieren ze loossen, an duerch The Voice Of Germany ze ersetzen. Zënter Oktober 2011 gëtt Popstars um éisträichesche Televisiounssender Puls4, deen zur ProSiebenSat.1Media-Grupp gehéiert, ausgedroen.