Populatiounsindex

Vu Wikipedia

De Populatiounsindex r beschreift d'Hellegkeetsverdeelung vun de Meteore vun engem Meteorstroum. E charakteriséiert de Faktor, ëm deen d'Meteorzuel zu der nächster méi schwaacher Gréissteklass hi geet.

Den ZHR vun engem Meteorstroum gëtt no der Definitioun fir eng Grenzgréisst vu 6,5 mag uginn. Well awer déi tatsächlech Grenzgréisst dacks heivun ofwäicht, ka mat Hëllef vum Populatiounsindex aus der Zuel an den observéierte Meteoren den ZHR ermëttelt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]