Porte d'Amercoeur

Vu Wikipedia
Porte d'Amercoeur um lénksen Uwänner vun der Ourthe

D'Porte d'Amercoeur war eng zolidd Paart mat Tierm déi d'Bréck vun Amercoeur iwwer d'Ourthe (haut Derivatioun), zu Léck bewaacht huet.

Se gouf vum Prënzbëschof Érard de La Marck gebaut fir d'Verdeedegungslinn laanscht d'Ourthe ze verstäerken, an de Bau war 1514 fäerdeg.

Nodeem déi hollännesch Herrschaft an der Belsch eriwwer war, gouf d'Paart zerstéiert an 1821 duerch eng nei ersat, déi hirersäits 25 Joer méi spéit ofgerappt gouf.