Porto Cervo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
GeoItalien.png Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.


Porto Cervo
Porto Cervo (Italien)
Porto Cervo
Porto Cervo
Land: Flag of Italy.svg Italien
Regioun: Flag of the Italian region Sardinia.svg Sardinien
Provënz: Olbia-Tempio (OT)
Gemeng: Arzachena
Koordinaten: 41° 8′ N, 9° 32′ O41.1391666666679.53055555555567Koordinaten: 41° 8′ 21″ N, 9° 31′ 50″ O
Awunner: 200

Porto Cervo ass eng Hafestad un der Costa Smeralda, op der Nordostküst vu Sardinien (Italien), déi vun Touriste staark besicht ass.

No dobäi ass de 46 m héije Capo Ferro mat sengem Liichttuerm. Porto Cervo ass eng mat modernen Elemente gebauten Uertschaft. Hire Stil dréit iewer de sardeschen Traditioune Rechnung. D'Uertschaft ass opgesicht vum internationale Jetset, dat heescht besonnesch vu Leit mat Mënz. Dat gëtt begënstegt duerch e gutt ausgebauten Hafen. Et gëtt vill héichklasseg Hotellen an Oweslokaler. An der Mëtt vun der Uertschaft läit eng Piazetta, där hir vill Caféen an Terrasse staark besicht sinn. D'Entwécklung vu Porto Cervo als Touristenuertschaft ass duerch den Openthalt vum Karim Aga Khan IV., an de 1960er Joren, begënstegt ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Porto Cervo – Biller, Videoen oder Audiodateien
Am Zentrum vu Porto Cervo
Porto Cervo
Stella Maris