Portraits d'artistes

Vu Wikipedia

Portraits d'artistes ass eng Serie vun Dokumentarfilmer iwwer Konschtschafend, déi mat Lëtzebuerg verbonne sinn.

D'Filmer goufen tëscht 1997 an 2003 vu Samsa Film an Zesummenaarbecht mat der Association professionnelle des galeries d'art du grand-duché de Luxembourg produzéiert.

Am Ganze goufe véier mol sechs Portraite realiséiert, an de Joren 1997, 1998, 1999 an 2003:[1][2]

Kënschtler Regisseur/in Joer
Sally Arnold Katja Brauer 2003
Roger Bertemes Tom Alesch 1998
Jeannot Bewing Christine Rabette 1998
Jean-Marie Biwer Andy Bausch 1999
Simone Decker Josée Hansen 2003
Adolphe Deville Thierry Tormena 1999
Pina Delvaux Luis Galvão Teles 1997
Liliane Heidelberger Geneviève Mersch 1998
The'd Johanns Christophe Wagner 2003
Marie-Josée Kerschen Christian Kmiotek 1997
Soheila Knaff-Sanie Cyrus Neshvad 2003
Jean-Luc Koenig Anne Schroeder 1999
Charles Kohl Béatrice Pettovich 1998
Patricia Lippert Jang Kayser 1997
Moritz Ney Claude Lahr 1999
Dany Prum Edie Laconi 2003
Charly Reinertz Serge Tonon 1997
Armand Strainchamps Sophie Langevin a Jacques Raybaut 1999
Bert Theis Paul Kieffer 1998
Ann Vinck Geneviève Mersch 1998
Barbara Wagner Paul Kieffer 1997
Trixi Weis Beryl Koltz 2003
Lucien Wercollier Sophie Langevin a Jacques Raybaut 1997
René Wiroth Daniel Wiroth 1999

Déi éischt siwen Episode goufen op der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[3]

Fir d'Produktioun vun den Episoden 13 bis 18 krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film e Subside vu sechs Mol 950.000 Lëtzebuerger Frang, oder am Ganze 5,7 Millioune Frang.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. land.lu: Série « Protraits d'artistes » Les artistes au travail vum Josée Hansen (16. Dezember 1999)
  2. woxx.lu: Samsa Film: Portraits d'artistes vum Céline Rietsch (4. Abrëll 2003)
  3. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193
  4. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 202