Poseidon

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Poseidon ass de griichesche Gott vum Mier, Jong vum Kronos a vun der Rhea, ee vun den 12 groussen olympesche Gëtter. Mat sengem Dräizack huet hien d'Mier opgewullt a Fielse gespléckt. Seng Fra war d'Amphitrite déi him eng ganz Rëtsch Kanner geschenkt huet.

Och hat hien eng sëlleche Kanner mat anere Fraen, dorënner och Ongeheier a Risen wéi z. B. den Zyklop, dee vum Odysseus säin An ausgestach krut. Dowéinst war den Poseidon sou rosen op den Odysseus, datt hien den Held während Joren um Mier ronderëm iere gelooss huet (Odyssee).

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Enger So no sollt de Poseidon zesumme mam Appollo fir de Kinnek Laomedon géint Entgelt d'Mauere vun Troia opriichten. Wou se awer em de Loun bedru gi sinn, huet de Poseidon en Ongeheier geschéckt deem d'Hesione, dem Laomedon seng Duechter, du sollt geaffert ginn. Doduerch huet de Poseidon och am Krich zu de Griiche gehalen a géint d'Troianer gekämpft.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

Ob de Poseidon vun Ufank un den ieweschte Gott vum Mier war ass ëmstridden. Op alle Fall huet säi Kult sech awer scho fréi iwwer ganz Griicheland erstreckt, haaptsächlech a sozial gehuewene Familljen.

Entspriechungen[änneren | Quelltext änneren]

Greek deity head icon.png Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Poseidon – Biller, Videoen oder Audiodateien