Poufank

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Poufank
E Poufank-Männchen

E Poufank-Männchen
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spatzevullen
Famill: Fénken (Fringillinae)
Gattung: Fringilla
Wëssenschaftlechen Numm
Fringilla coelebs
L., 1758

De Poufank (Fringilla coelebs) ass e Sangvull aus der Famill vun de Fénken (Fringillidae).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ausgesinn

De Männchen ass uewen um Kapp an um Hals blogro, Ënnendrënner ass e brongrout, de Schniewel ass groblo. D'Frächen ass uewendrop gréngelzech-brong, ënnendrënner hellgro-brong, hire Schniewel ass hellbrong. Allenzwee hunn se opfälleg wäiss Sträifen un de Flilleken a gréngelzech Fiederen un der Krippchen. Se gi 14 bis 18 Zentimeter grouss a weie ronn 20 Gramm. Wann d'Poufanken um Buedem trëppelen, juppelen se mam Kapp. Hire Fluch ass wellenaarteg.

[änneren] Verbreedung an Habitat

De Poufank ass an Europa, Nordafrika, a Westasien verbreet, wou en an de Bëscher, mee och a Parken an e Gäert bis an eng Héicht vun ongeféier 1.500 Meter lieft. En zielt zu deene Sangvullen, déi et an Europa am dackste gëtt. Op der Insel Madeira gëtt et eng endemesche Ënneraart, de Madeirapoufank.

[änneren] Kascht

D'Poufanke friesse Bieren, all Zorte Geseems, Insekten a Spannen. D'Jippelcher gi mat Insekten an deenen hire Larve gefiddert.

[änneren] Gesank

Gesank vun engem Poufank

[änneren] Reproduktioun

D'Weibchen
En Nascht

De Männche markéiert säi Revéier am Fréijoer duerch haarde Gesang. D'Weibche baut an enger Héicht vun 2-10 m an engem Bam e gutt getarntent Nascht mat décke Wänn, dat bannendran mat Hoer, Plommen, asw ausgepolstert gëtt. Am Joer ginn et zwou Bréiechte mat jee 4 -6 hellbrongen oder bloelzech-wäissen Eeër, déi rout bis donkelbrong gepierpelt sinn. D'Eer ginn 13-14 Deeg ausgebréit. Déi Jonk gi 14 Deeg vun den Eltere gefiddert, dono verloossen se d'Nascht.

[änneren] Nimm

Nieft "Poufank" gëtt de Villche regional och nach Boufank, Puffank (Musel, Veianen), Bouféck, Bopitt, Boupitt, Pénkerchen, Bëschkäppchen (Léiler), Bëschvigelchen oder Bëschvillchen (Eislek, Kielen) genannt.[1]

[änneren] Kuriéises

Zu Lëtzebuerg nennt sech e Nudisteveräin De Poufank.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Weblinks

Commons: Poufank – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. Klees, H. (1981): Luxemburger Tiernamen (inbegriffen, in 2. Auflage, die 'Luxemburger Vogelnamen' von Henri Rinnen). Luxemburg (= Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV): S.33.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen