Power Data Grapple Fixture

Vu Wikipedia
D'Power and Data Grapple Fixture

D'Power Data Grapple Fixture (PDGF) sinn op der Internationaler Weltraumstatioun ISS gebrauchten Undockpunkte fir de Roborterarm Canadarm2 a fir gréisser Notzlaaschten. Mat dem PDGF kann de Canadarm2 Notzlaaschte gräifen (engl. grapple) a sou op der Statioun beweegen.

E PDGF besteet aus enger flaacher Grondplack mat engem zentrale Pin, an déi d'Gräifmechanik (engl. Latching End Effectors) agräift. Dozou kommen dräi gebéite Rampen, déi fir eng fest Verbindung mat dem Gräifmechanissem déngen. Véier elektresch Raccorden erméiglechen d'Versuergung mat Energie an dem Datenaustausch tëscht Canadarm2 an ISS, resp. Canadarm2 an der Notzlaascht.

PDGFs sinn iwwer de ganzen amerikaneschen Deel vun der ISS verdeelt ugemaach an erméiglechen domat dem Canadarm2 sech vun engem Undockpunkt zum aneren iwwer d'ISS fortzebeweegen. Gréisser Notzlaaschten, wéi den EXPRESS Logistics Carrier gi vum Canadarm2 un den ugemaachene PDGFs gegraff a beweegt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Power and Data Grapple Fixture – Biller, Videoen oder Audiodateien