Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun (och alt verkiirzt EU-Présidence oder EU-Rotsvirsëtz genannt) bezitt sech op d'Responsabilitéit, déi ee bestëmmte Memberstaat vun der Europäescher Unioun (EU) 6 Méint laang huet, an déi doranner besteet, sämtlech Zesummekënft vum Conseil vun der Europäescher Unioun z'organiséieren an ze presidéieren. Eng wichteg Aufgab ass awer och, bei deenen Zesummekënft Kompromësser auszeschaffen a virzeschloen, fir datt all kënnen d'accord sinn.

Et gëtt net "de" President vum Conseil vun der Europäescher Unioun, mee et ass all Kéiers dee Fachminister aus dem Land, dat d'Présidence huet, dee fir de Sujet, ëm deen et geet, zoustänneg ass. Geet et z.B. em e Sujet aus dem Kulturberäich, deen am Juni 2005 am Conseil "Bildung, Jugend a Kultur" beschwat gëtt, ass et de Lëtzebuerger Kulturminister, deen d'Présidence huet.

Da gëtt et och nach den Europäesche Conseil (dacks "EU-Sommet" genannt), bei deem gewéinlech 4 Mol am Joer d'Staats- a Regierungscheffen (an hir Ausseministeren) zesummekommen. Och hei huet dat Land (oder villméi de Premierminister, respektiv de President vun deem Land), dat d'Présidence vum Conseil huet, d'Présidence.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Rotatioun

Fir datt kee Land sech vun engem anere benodeelegt soll fillen, wiesselt d'Présidence all 6 Méint no engem vum Conseil festgeluechte Rotatiounsschema. Well am Laf vun de Jore méi Memberstaaten derbäikomm sinn, dauert et och méi laang, bis ee bestëmmtent Land erëm eng Kéier d'Présidence huet. Well se duerch d'EU-Ausbreedung och ëmmer méi opwänneg gëtt, ginn et Iwwerleeungen, dee System ze änneren.

Joer Memberstaat, deen d'Présidence huet
1958 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Däitschland
1959 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Italien
1960 Éischt Halschent Lëtzebuerg
Zweet Halschent Holland
1961 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Däitschland
1962 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Italien
1963 Éischt Halschent Lëtzebuerg
Zweet Halschent Holland
1964 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Däitschland
1965 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Italien
1966 Éischt Halschent Lëtzebuerg
Zweet Halschent Holland
1967 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Däitschland
1968 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Italien
1969 Éischt Halschent Lëtzebuerg
Zweet Halschent Holland
1970 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Däitschland
1971 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Italien
1972 Éischt Halschent Lëtzebuerg
Zweet Halschent Holland
1973 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Dänemark
1974 Éischt Halschent Däitschland
Zweet Halschent Frankräich
1975 Éischt Halschent Irland
Zweet Halschent Italien
1976 Éischt Halschent Lëtzebuerg
Zweet Halschent Holland
1977 Éischt Halschent Groussbritannien
Zweet Halschent Belsch
1978 Éischt Halschent Dänemark
Zweet Halschent Däitschland
1979 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Irland
1980 Éischt Halschent Italien
Zweet Halschent Lëtzebuerg
1981 Éischt Halschent Holland
Zweet Halschent Groussbritannien
1982 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Dänemark
1983 Éischt Halschent Däitschland
Zweet Halschent Griicheland
1984 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Irland
1985 Éischt Halschent Italien
Zweet Halschent Lëtzebuerg
1986 Éischt Halschent Holland
Zweet Halschent Groussbritannien
1987 Éischt Halschent Belsch
Zweet Halschent Dänemark
1988 Éischt Halschent Däitschland
Zweet Halschent Griicheland
1989 Éischt Halschent Spuenien
Zweet Halschent Frankräich
1990 Éischt Halschent Irland
Zweet Halschent Italien
1991 Éischt Halschent Lëtzebuerg
Zweet Halschent Holland
1992 Éischt Halschent Portugal
Zweet Halschent Groussbritannien
1993 Éischt Halschent Dänemark
Zweet Halschent Belsch
1994 Éischt Halschent Griicheland
Zweet Halschent Däitschland
1995 Éischt Halschent Frankräich
Zweet Halschent Spuenien
1996 Éischt Halschent Italien
Zweet Halschent Irland
1997 Éischt Halschent Holland
Zweet Halschent Lëtzebuerg
1998 Éischt Halschent Groussbritannien
Zweet Halschent Éisträich
1999 Éischt Halschent Däitschland
Zweet Halschent Finnland
2000 Éischt Halschent Portugal
Zweet Halschent Frankräich
2001 Éischt Halschent Schweden
Zweet Halschent Belsch
2002 Éischt Halschent Spuenien
Zweet Halschent Dänemark
2003 Éischt Halschent Griicheland
Zweet Halschent Italien
2004 Éischt Halschent Irland
Zweet Halschent Holland
2005 Éischt Halschent Lëtzebuerg [1]  
Zweet Halschent Groussbritannien  
2006 Éischt Halschent Éisträich
Zweet Halschent Finnland

[änneren] Vun 2007 un

Am Traité iwwert eng Europäesch Konstitutioun war virgesinn, datt de Conseilspresident vun de Conseilsmembere fir 2 1/2 Joer gewielt soll ginn, an déi Zäit kee nationaalt Mandat kinnt hunn. Well deen Traité Enn 2006 net iwwerall ratifizéiert ass, gouf en neie Rotatiounsprinzip festgeluecht:

D'Presidence gëtt vun 2007 un vun 3 Länner (e sougenannten Triplet) gedeelt, woubäi all Kéiers ee vun deene Memberlänner, déi 2004, resp. 2007 bäigetruede sinn, an engem Triplet dobäi ass. D'Iddi ass, datt esou de Programm op annerhallef Joer festgeluecht ka ginn (déi 3 mussen sech ofschwätzen) an net all 6 Méint wiesselt. Och wann d'Presidentschaft gedeelt ass, gëtt se all Semester engem vun den 3 Länner offiziell zougedeelt.

Triplet Joer Memberstaat, deen d'Présidence huet
T1 2007 Éischt Semester Däitschland
Zweet Semester Portugal
2008 Éischt Semester Slowenien
T2 Zweet Semester Frankräich
2009 Éischt Semester Tschechesch Republik
Zweet Semester Schweden
T3 2010 Éischt Semester Spuenien
Zweet Semester Belsch
2011 Éischt Semester Ungarn
T4 Zweet Semester Polen
2012 Éischt Semester Dänemark
Zweet Semester Zypern
T5 2013 Éischt Semester Irland
Zweet Semester Litauen
2014 Éischt Semester Griicheland
T6 Zweet Semester Italien
2015 Éischt Semester Lettland
Zweet Semester Lëtzebuerg
T7 2016 Éischt Semester Holland
Zweet Semester Slowakei
2017 Éischt Semester Malta
T8 Zweet Semester Groussbritannien
2018 Éischt Semester Estland
Zweet Semester Bulgarien
T9 2019 Éischt Semester Éisträich
Zweet Semester Rumänien
2020 Éischt Semester Finnland

[änneren] D'Lëtzebuerger Présidencen

Lëtzebuerg hat bis ëwell (2005 matgerechent) 11 Mol d'Présidence vum EU-Conseil. Dacks goung et dobäi ëm wichteg oder quokeleg Dossierën: 1966 z.B. koum et zum "Kompromëss vu Lëtzebuerg", deen der franséischer "Politik vum eidele Stull" en Enn gemaach huet. D'Présidencë vun 1976 a 1980 ware virun allem vu währungspoliteschen Theme markéiert: Déi éischt stoung ganz ënnert dem Androck vun der Währungskriis vun de Jore virdrun, an déi zweet war geprägt vun der Margaret Thatcher hirem bekannten Ausruff "I want my money back!" ("Ech wëll meng Suen erëm!").

1985 koum et ënnert Lëtzebuerger Présidence zum Ausschaffe vum Eenheetlechen Europäeschen Akt, deen ë. a. d'Ofstëmme matt qualifizéierter Majoritéit am Conseil a méi Matbestëmmung fir d'Europäescht Parlament erméiglecht huet. D'Présidence vun 1991 stoung ënnert dem Androck vum Éischte Golfkrich an dem Éischte Jugoslawiëkrich, mee hei gouf och d'Aarbechtsgrondlag fir dat, wat dat Joer dropp zu Maastricht als Traité iwwert d'Europäesch Unioun sollt ënnerschriwwe ginn, ausgeschafft.

1997 stoung d'Bekämpfung vum Chômage am Mëttelpunkt; et koum zu der "koordonnéierter Strategie fir Aarbechtsplazen".

Bei der Présidence vun 2005 hunn d'Suen ërem eng wichteg Roll gespillt: Den Euro-Stabilitéitspakt ass reforméiert ginn, an et gouf laang iwwert de Kader vum EU-Budget fir d'Joren 2007-2013 verhandelt, ouni datt et awer zu engem Accord konnt kommen. Dësen ass am Dezember 2005 ënnert der britescher Présidence zu Stane komm.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Flag of Europe.svg Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen