Prënz-Philip-Beweegung

Vu Wikipedia
De Prënz Philip (2008).
Adepte mat Fotoe vum Prënz Philip

D'Prënz-Philip-Beweegung (fr: Mouvement du prince Philip, en: Prince Philip Movement) ass e reliéise Kult, dee vun den Awunner vum Duerf Yaohnanen op der Insel Tanna, déi zu Vanuatu gehéiert, zelebréiert gëtt, a bei deem de Prënz Philip, de Consort vun der brittescher Kinnigin Elisabeth II., als eng Gottheet veréiert gëtt.

Et handelt sech ëm e sougenannte Cargo-Kult, deen dorop zeréckzeféieren ass, wéi d'Awunner vun deenen Inselen eng éischte Kéier Kontakt mat Europäer haten, an hinnen, wéinst hirem techneschen Entwécklungstand, iwwersënnlech Kräften zougeschriwwen hunn. Duerch mëndlech Traditioun hu sech déi Evenementer mat Geschichte vu Geeschter aus ale Mythe vermëscht. Am Zweete Weltkrich ass op Tanna déi sougenannt John-Frum-Beweegung entstanen, déi op de Kontakt mat US-amerikaneschen Zaldoten zeréckgeet (ee vun hinne wäert sech wuel als "John from [the United States]" ausginn hunn), déi mat Fallschiermer Saachen erofgehäit kruten. Fir d'Leit vun do war den "John Frum" de Jong vum Bierggeescht Karapanemum, deen op Tanna hannescht komm wier, fir säi Vollek an eng besser Zukunft ze féieren.

Ausgangs vun den 1950er oder ufangs vun den 1960er Joren huet sech, baséiert op der John-Frum-Beweegung, d'Prënz-Philip-Beweegung entwéckelt: D'Leit vu Yaohnanen gleewen, datt de Prënz Philip a Wierklechkeet de Brudder vum John Frum wier. Hie wier fréier vun Tanna fortgaangen, fir déi Säit vum Mier eng mächteg Fra ze bestueden. No Kontakter mat de brittesche Kolonialhären - Vanuatu war bis an d'1970er Joren, als "Nei Hebriden" e brittesch-franséische Kondominium - waren s'iwwerzeegt, dës Fra misst d'Elisabeth II. sinn, an deemno de Prënz Philip de Geescht, op dee se gewaart hunn, datt en zeréckkéim. Dëse Glawen huet sech nach verstäerkt, wéi d'Kinnekskoppel 1974 Vanuatu besicht huet. De Philip muss do mat senger schnéiwäisser Marines-Uniform en zolitten Androck hannerlooss hunn.

1978 huet de Resident Commissioner, den héchste Representant vum Vereenegte Kinnekräich op den Neien Hebriden, de Philip iwwer dee Kult informéiert an him de Wonsch vun de Yaohnaner iwwermëttelt, hinnen eng Foto vu sech ze schécken, wat en och gemaach huet, mat dobäi, als Kaddo, e puer Tubakpäifen. Fir Merci ze soen, hunn d'Insulaner him eng traditionell Nal-Nal-Keel fir op d'Schwéngsjuegd geschenkt, an de Philip, als Äntwert, eng Foto mat sech an där Waff.

2007 hu 5 Insulaner, am Kader vun enger Tëleesdokumentatioun, eng Audienz beim Prënz Philipp kritt. Hie sot hinnen, et wier nach net un der Zäit, nees hannescht ze kommen...

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Joël Bonnemaison: The Tree and the Canoe: History and Ethnogeography of Tanna. University of Hawaii Press, Honolulu 1994, ISBN 0-8248-1525-4.
  • Monty Lindstrom: Cult and Culture: American Dreams in Vanuatu. In: Pacific Studies 4, Nr. 2, 1981, S. 101–123.
  • G. W. Trompf: Cargo Cults and Millenarian Movements: Transoceanic comparisons of new religious movements. Mouton de Gruyter, Berlin, New York 1990, ISBN 3-11-012166-2.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]