Prabbeli (Kino)

Vu Wikipedia

De Kino Prabbeli vu Wolz ass ee vun de jéngste Kinossäll zu Lëtzebuerg. Hie gehéiert zum CDAC.

De Kino Prabbeli zu Wolz

De Kino ass ze fannen am Centre socio-culturel op 8 - 10 an der Biergstrooss, net wäit ewech vum Patton-Monument mam Panzer.

  • De Sall huet 97 Plazen
  • De Filmprojektiounsapparat ass ekipéiert fir 35 mm Filmer
  • Toun: digital; dts
  • Den Ecran ass 8,60 Meter breet a 4,20 Meter héich
  • Et kënnt ee mam Rollstull an de Sall.
  • Am Gebai ass e Restaurant.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]