Prado (Musée)

Vu Wikipedia

De Prado (Museo Nacional del Prado) steet zu Madrid a Spuenien an ass ee vun de gréissten a bedeidenste Konschtmuséeë vun der Welt.

Dës Pinakothek ass en harmonesche klassizistesche Bau vum Juan de Villanueva an ass och wéinst senger Lag a senger Architektur eemoleg.

De Ferdinand VII. huet 1819 aus dësem Gebai e Musée gemaach an huet 311 Wierker dran ausgestallt. All d'Herrscher zu der Zäit, wéi d'Habsburger an d'Bourbone ware grouss Sammler an och duerch Stëftungen an nei Objete koum mat der Zäit nach villes dobäi.

Zur Zäit vum Keeser Karl V. huet säi Liblingsmoler den Tizian vill Biller fir hie gemoolt. Iwwer 30 Wierker sinn am Prado ausgestallt, dorënner e Portrait vum Karl V. mat senger Dogg an no der Schluecht vu Mühlberg.

Den Tiziansall am Prado

Nieft dem Tizian huet de Prado och vill Wierker vum Hieronymus Bosch (El Bosco) ausgestallt.

1968 ass de Musée un de Staat iwwergaangen.

De Prado, eigentlech als Konscht- a Skulpturemusée geduecht, verfüügt hautesdaags awer och iwwer wichteg Biller (méi wéi 5000), Gravéierungen (2000 Stéck), dekorativ Konschtwierker (zirka 200 Stéck) a Mënzen a Medailen (zirka 1000). Skulpture gëtt et der hei méi wéi 700 Stéck an Tableauen 8600 Stéck. All dës Kollektiounen déi do aushänken sinn no dësem Schema ausgestallt:

  • Spuenesch Molerei
  • Flämesch Molerei vu 1430 - 1700
  • Däitsch Molerei vu 1450 - 1800
  • Dekorativ Konscht
  • Italieenesch Molerei vun 1300 - 1800
  • Franséisch Molerei vu 1600 - 1800
  • Skulpturen
  • Zeechnungen

Am risegen Haaptsall sinn déi ganz Wierker vun de spuenesche Kënschtler aus dem 17. Joerhonnert, de José de Ribera an de Bartolomé Estéban Murillo, mat hire reliéisen Theemen, ausgestallt. Um Enn vum Sall fënnt een hei awer och nach dem Goya seng Famill vum Karl IV.

Lénks vum Haaptsall hänken haaptsächlech Portraite vum Velázquez, nieft Wierker vun hollänneschen a flämesche Kënschtler. Wuel bekanntste vun dëse Moler ass de Pieter Paul Rubens, den hei och staark vertrueden ass.

Am Sous-sol ass den Haaptsall vun den italieenesche Kënschtler aus dem 15. a 16. Joerhonnert, a verschiddenen däitsche Moler, wéi den Albrecht Dürer.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Museo del Prado – Biller, Videoen oder Audiodateien