Pragmatesch Sanktioun (1713)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Keeser Karl VI.

D'Pragmatesch Sanktioun gouf den 19. Abrëll 1713 vum Keeser Karl VI. opgesat, fir d'Ierffolleg no sengem Doud festzeleeën. Dora gouf festgehalen, datt d'Besëtztümer vun den Habsburger net opegedeelt kënne ginn, mä nëmmen als Ganzt weiderginn. D'Ierwin ass seng Duechter, d'Maria Theresia. D'Landtage vun den Habsbuerger Ierflänner an Ungarn hunn des Sanktioun akzeptéiert, a sou der Maria Theresia hir Ierfschaft geséchert.

Baussent Éisträich war d'Unerkennung awer nach laang net sou einfach. England huet d'Sanktioun zwar um Pabeier am Joer 1731 unerkannt, mä nom Doud vum Keeser gouf nawell ëm d'Ierfschaft vun der Maria Theresia gestridden. Sou kënnt et 1740 dann zum Éisträicheschen Ierfffollegkrich.

Besonnesch an der éisträichescher Historiographie (zemol virun 1918) gëllt d'Pragmatesch Sanktioun an hir Unerkennung duerch d'Länner als eigentleche Grënnungsakt vun der Habsburgermonarchie, well d'Länner domat hire Wëllen zum Opbau vun engem gemeinsame Staatswiese weisen. Tatsächlech gouf et ausser der Pragmatescher Sanktioun zumindest bis zum Éisträichesch-Ungareschen Ausgläich vun 1867 kee Constitutiounsakt, dee festgeluecht huet datt d'Krounlänner zum gemeinsame Staat gehéieren.

Sou hat d'Pragmatesch Sanktioun bis 1918 en héije symbolesche Wäert fir de Bestand vun der Donaumonarchie an der Dynastie un der Muecht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]