Pre Hospital Trauma Life Support

Vu Wikipedia

De Pre Hospital Trauma Life Support ass e Cours, deen aus Amerika kënnt a sech ëm d'Prise en charge vun engem traumatiséierte Patient këmmert.

Dëse Cours ass entstanen, nodeem an Amerika den Traumacours Advanced Trauma Life Support (ATLS) gewisen huet, datt et net eleng duergeet fir Traumapatienten am Spidol richteg ze behandelen, mä datt et och wichteg ass sech schonn op der Asazplaz richteg ëm de Patient ze këmmeren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1978 ass an Amerika een Dokter mat senger Famill mam Privatfliger erofgefall. Hien huet du gemierkt, datt et mat der Versuergung vu Blesséierten an Amerika net wäit hier ass an datt do eppes misst geschéien.

Doropshin ass 1979 den ATLS-Cours entwéckelt gi vum American College of Surgeons, der Associatioun vun den amerikanesche Chirurgen. Deen éischte President war den Dr Norman McSwain jr. vun New Orleans.

Hien hat awer relativ séier gemierkt, datt och déi Leit, déi um Accident selwer schaffen, sou e Cours bräichte fir d'Behandlung vum Traumapatient am beschte kënnen duerchzeféieren. 1984 aus doraus den éischte PHTLS-Cours entstanen. Mëttlerweil ass dëse Cours a méi wéi 33 Länner vertrueden an och zanter 2006 zu Lëtzebuerg.

Ëm wat geet et bei dësem Cours?[änneren | Quelltext änneren]

Bei dësem Cours geet et drëms dee verletzte Patient sou séier, sécher a gutt wéi méiglech en charge ze huelen, fir him déi bescht Iwwerliewenschancen ze ginn.

Dës verschidden Theemae ginn an dësem Cours geléiert:

  • De Verletzungsmechanismus erkennen ze kënnen.
  • Liewensgeféierlech Verletzungen z'erkennen.
  • D'Pathophysiologie kënnen a Rapport mat deene verschiddene Verletzunge setzen.
  • Een traumatiséierte Patient ënnersichen ze kënnen, ze kategoriséieren an ze behandelen.
  • Déi richteg Behandlung vun dëse Patienten duerchzeféieren.

Wie profitéiert vun dësem Cours?[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Cours ass geduecht fir all déi, déi am Rettungsdéngscht schaffen:

  • SAMU-Ekippe mat Dokteren, Infirmier-anesthésisten, Infirmieren.
  • Membere vun der Protection Civile (Ambulanz a Sauvetage).
  • Pompjeeën a Beruffspompjeeën.
  • Personal vun den Urgencen an de Spideeler.
  • All Persoun, déi reegelméisseg mat Trauma ze dinn huet, Police, Aarbechtsdokteren, asw.
  • All déi Leit, déi blesséiert sinn.

Wien hält dëse Coursen?[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt dëse Cours vun der Associatioun Luxembourg Life Support gehalen (16 Instrukteren). D'Instruktere kommen aus alle Beräicher vun der Rettungsmedizin: SAMU Ettelbreck / Lëtzebuerg / Esch, Air Rescue, Arméi, Beruffspompjeeën.

Dëse Cours gëtt zu Lëtzebuerg ugebueden am CFPC Widong zu Schëffleng.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]