President vun der Europäescher Kommissioun

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De President vun der Europäescher Commissioun (Commissiounspresident) presidéiert, wéi säin Numm et seet, d'Europäesch Kommissioun (offiziell: Commissioun vun den Europäesche Communautéiten", dacks, fir et méi einfach ze man, "EU-Commissioun" oder "d'Commissioun" genannt).

Hie gëtt vun de Regierungen vun den EU-Memberstaaten ernannt an dono vum Europäesche Parlament confirméiert.

Hien ernennt, op Virschlag vun de Regierungen, d'Membere vun der Europäescher Commissioun, och "Commissairë" genannt, déi hirersäits mussen en bloc vum Parlament d'Vertraue votéiert kréien. Duerch den Traité vun Nice huet de Commissiounspresident d'Méiglechkeet kritt, d'Portefeuillë vun de Commissiounsmemberen nei ze verdeelen oder se ze froen, zeréckzetrieden.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Seng Aufgaben

De Commmissiounspresident kann déi grouss politesch Linnen vun der Commissioun bestëmmen. Hien organiséiert a leedt d'Reunioune vum Commissiounscollège (déi gewéinlech all mëttwochs moies sinn).

Hie vertrëtt weiderhin d'Commissioun, wann den Europäesche Conseil zesummekënnt, bei de Reunioune vum G8 (den 8 gréissten Industrienatiounen) a bei de Sessioune vum Europäesche Parlament.

[änneren] Geschicht

Dat haitegt Amt vum President vun der Europäescher Commissioun geet zeréck op dat vum President vun der Héijer Autoritéit vun der CECA, dat et zanter 1952 gëtt. Vun Ufank un gouf d'Héich Autoritéit och 'Commissioun' genannt. 1958 goufen niewt der CECA d'Europäesch Atom-Communautéit and d'Europäesch Economesch Communautéit (och bekannt als 'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft', EWG) geschafen. 1967 hunn dës 3 Communautéiten zu den Europäesche Communautéite fusionnéiert; hir Exekutivorganer goufen och zesummegeluecht zur "Commissioun vun den Europäesche Communautéiten".

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften Nuvola apps xmag.png

[änneren] Kommissiounspresidenten

Presidente vun der Héijer Autoritéit, och 'Commissioun' vun der CECA genannt:

Presidente vun der Commissioun vun der Europäescher Economescher Communautéit (1958-1967), an den Europäesche Communautéiten ( vun 1967 un):

Numm vun bis Land
Walter Hallstein 10. Januar 1958 30. Juni 1967 Flag of Germany.svg Däitschland
Jean Rey 6. Juli 1967 30. Juni1970 Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Franco Maria Malfatti 1. Juli 1970 21. Mäerz 1972 Flag of Italy.svg Italien
Sicco Leendert Mansholt 22. Mäerz 1972 5. Januar 1973 Flag of the Netherlands.svg Holland
François-Xavier Ortoli 6. Januar 1973 5. Januar 1977 Flag of France.svg Frankräich
Roy Jenkins 6. Januar 1977 5. Januar 1981 Flag of the United Kingdom.svg Groussbritannien
Gaston Thorn 6. Januar 1981 5. Januar 1985 Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Jacques Delors 6. Januar 1985 22. Januar 1995 Flag of France.svg Frankräich
Jacques Santer 23. Januar 1995 15. Mäerz 1999 Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Manuel Marin 16. Mäerz 1999 15. September 1999 Flag of Spain.svg Spuenien
Romano Prodi 16. September 1999 21. November 2004 Flag of Italy.svg Italien
José Manuel Durão Barroso 22. November 2004 - - Flag of Portugal.svg Portugal

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen