Prestige (Schëff)

Vu Wikipedia

D'Prestige war e Pëtrolstanker, deen am November 2002 am Atlantik virun der Nordwestküst vu Spuenien ënnergaangen ass. En huet déi bis ewell gréisst Uelegpescht vun der Séifaart virun enger europäescher Küst (an dësem Fall der spuenescher an der franséischer) provozéiert.

D'Schëff gouf 1976 a Japan gebaut an hat, wéi deemools üblech, just eng Coque. Et hat 42.820 Bruttoregëstertonnen, war 243 m laang a konnt 81.589 t transportéieren.

Benevoler maachen eng Plage a Galicien propper (Mäerz 2003).
Sou goung et Honnertdausende vu Miervullen.

Den 13. November 2002 war et ënnerwee vu Lettland op Singapur, gefëllt mat 77.000 t Schwéierueleg, wéi et an engem Stuerm havaréiert ass. Duerch e Lach ass Mierwaasser an e Ballasttank gelaf, wouropshin, fir et nees an d'Riicht ze bréngen, och d'Balasttanken op der anerer Säit volllafe gelooss goufen. Doduerch war den Drock op d'Coque sou grouss, datt e 35 m laange Rëss entstanen ass, duerch dee Pëtrol ausgelaf ass. D'spuenesch Autoritéiten hunn der Prestige verbueden, an en Hafen ze fueren, well se gefaart hunn, dee géif verknascht ginn, an et 166 Séimeilen eraus op d'Mier remorquéiert.

Do ass d'Schëff den 19. November ausernee gebrach an ënnergaangen. Den Equipage war virdru gerett ginn. 64.000 t Schwéierueleg sinn ausgelaf an hunn 2.900 km vun der franséischer a spuenescher Küst verknascht.

Eng Véierelsmillioun Mieresvulle si futti gaangen.

D'Lächer konnte mat Roboteren an 3600 m Déift zougemaach ginn, sou datt 13.000 t Ueleg dra blouwen an duerno ausgepompelt goufen.

De 16. Oktober 2012 huet zu La Coruña de Prozess géint 3 Membere vum Equipage ugefaangen. Den 13. November 2013 koum et zum Urteel: Déi Ugeklot (Kapitän, Éischten Offizéier, Maschinist) goufe fräigesprach vun der Uklo, Ëmweltdelikter gemaach ze hunn. Just de Kapitän krut 9 Méint well en net direkt gefollegt hat, wéi en den Uerder krut, eraus op d'Mier ze fueren.

Zéng Joer no der Katastroph hat d'Natur sech virun der galizescher Küst sou wäit erholl, och wa verschidde Vullekolonië just nach hallef sou grouss ware wéi virun der Katastroph.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prestige oil spill – Biller, Videoen oder Audiodateien