Prisong Tegel

Vu Wikipedia
Prisong Tegel
Land Däitschland
Gemeng Berlin
Koordinaten 52°34'23,2"N, 13°17'35,9"O
Datum vum Bau 26. Juli 1896
Opgaangen 1. Oktober 1898

D'Justizvollzugsanstalt Tegel zu Berlin-Tegel läit am Berliner Bezierk Reinickendorf an ass de gréissten an ee vun den eelste Prisongen an Däitschland. Zanter 1898 sëtzen an deem Prisong verurteelt erwuesse Männer, déi do hir Strofen ofsëtzen.

Am September 2006 gouf et am Prisong Tegel offiziell Plaz fir 1571 Prisonéier; hie war allerdéngs zu där Zäit mat 1705 Häftlinge beluecht, déi vun 838 Giichtercher betreit a bewaacht goufen. Ronn 32 Prozent vun de Prisonéier waren Auslänner. Et waren Häftlingen, déi zu kuerze Prisongsstrofen an och där, déi bis zu liewenslänglech verurteelt waren.