Privat (Medien)

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Medieprodukter mam Numm "Privat". Fir déi allgemeng Bedeitung vu "privat", kuckt wgl. Privat.
Logo vun den Privat-Medien

Privat sinn däitschsproocheg Medie vum lëtzebuergescher Presse-Verlag Groupe Nicolas a bestinn aktuell aus enger Wochen- an enger Online-Zeitung, wéi och engem Web-Radio an -TV.

Bis den Abrëll 2011 waren déi Medien ënner dem Numm Lëtzebuerg Privat bekannt, dunn ass bei alle Produkter vum Presse-Verlag Groupe Nicolas den Zousaz "Lëtzebuerg" ewechgelooss ginn. De Verlag Groupe Nicolas ass déi drëttgréisst Pressegrupp am Groussherzogtum hanner Saint-Paul Luxembourg an Editpress, an als eenzeg Pressegrupp zu Lëtzebuerg net am "Conseil de Presse"; si schafft och net mat dem "Service d'Information et Presse" zesummen.[1] Zur Grupp gehéieren am Moment: D'Wochenzeitung Privat, d'Online-Zeitung LuxPrivat.lu, de Web-Radio Radio-Privat, d'Web-TV Privat-TV, d'Promi-Magazin Promi an d'satiresch Zeitschrëft d'Wäschfra.

Den 30. Mäerz 2011 huet d'Grupp eng Aktioun mat dem Numm "Fir eng Fräi Press zu Lëtzebuerg! Géint Zensur!" gestart.[2]

Privat-Zeitung[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. November 2006 ass déi éischt gedréckt Ausgab vu Privat ënner dem Numm Lëtzebuerg Privat erauskomm. Den Editeur ass de Jean Nicolas a Chefredakter den Heinz Kerp, fréier Projetsleeder bei der Zäitschrëft Ratgeber Bauen.[3]

LuxPrivat.lu[änneren | Quelltext änneren]

De 4. Januar 2010 ass déi domat verbonnen Online-Zeitung gestart; schonn am éischte Joer waren zwou Millioune Leit op LuxPrivat.lu.[4]

Radio-Privat[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Mäerz 2011 ass den Internet-Radio vu Privat gestart a sent wiertes vun 08:00 bis 18:00 Auer.[5] Um 10:00 Auer gëtt eng "Debatt" mat deenen dräi Haaptacteure vu Privat (Jean Nicolas, Heinz Kerp a Sven Günther) ausgestraalt an et kann een se duerno och als [[Podcasting |Podcast]] lauschteren.

Privat-TV[änneren | Quelltext änneren]

De 25. Februar 2011 ass déi éischt Ausgab vu Privat-TV online gaangen.[6] All Videoreportage ginn an Zesummenaarbecht mat der lëtzebuergescher Televisiouns-Firma Simba Pro produzéiert.

Vum Abrëll 2011 u sollt all zwéi Méint eng Spill- an Talkshow mat dem Numm Schlag Privat gedréint ginn an där ëmmer e "Promi" fir e gudden Zweck (2.000 €) géint déi dräi Haaptacteure vu Privat, Jean Nicolas, Heinz Kerp a Sven Günther, untrëtt. Den éischte Gaascht war d'Dänzerin, Choreographin an RTL-Jurymember bei "Wann s de eppes kanns" Sylvia Camarda, den zweete war de Buergermeeschter vun Déifferdeng, de Claude Meisch. Déi zweet Emissioun schéngt net vill Succès gehat ze hunn, soudatt keng nei Folleg méi opgeholl gouf.

Promi[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks 2008 ass déi éischt Nummer vun dëser Zäitschrëft ënner dem Numm Promi Lëtzebuerg erauskomm. An dem Magazin geet et haaptsächlech ëm d'Liewe vu Lëtzebuerger Promien an der nationaler High-Society.[7]

d'Wäschfra[änneren | Quelltext änneren]

De 5. Februar 2010 ass déi éischt Nummer vun der satirescher Zäitschrëft d'Wäschfra publizéiert ginn. An deem Blat gi bekannt Leit, vu Politiker bis Promi, op d'Schëpp geholl.[8] Den Titel bezitt sech op eng satiresch Zeitung mam selwechten Numm, déi am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg e groussen Erfolleg hat.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: D'Wäschfra (1868).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Lëtzebuerg Privat, Ausgabe 90, Seite 19, Artikel "Lëtzebuerg Privat gewinnt zweimal vor dem Presserat"
  2. Aktion für Pressefreiheit Archivéiert op 2011-04-05. Gekuckt de(n) 2011-04-22.
  3. Info op Horizont.net gekuckt de 7. September 2011 Archivéiert op 2013-07-09. Gekuckt de(n) 2011-09-07.
  4. Artikel: 3 Millionen Besucher 2011 im Visier Archivéiert op 2012-08-04. Gekuckt de(n) 2011-04-22.
  5. Artikel zum neuen Radio-Privat Archivéiert op 2011-02-21. Gekuckt de(n) 2011-04-22.
  6. 1. Sendung von Privat-TV Archivéiert op 2012-08-04. Gekuckt de(n) 2011-04-22.
  7. Archiv vu Promi Archivéiert op 2010-05-16. Gekuckt de(n) 2011-04-22.
  8. Archiv vun d'Wäschfra Archivéiert op 2012-01-19. Gekuckt de(n) 2011-04-22.