Prix Janusz Korczak

Vu Wikipedia

De Prix Janusz Korczak zu Lëtzebuerg ass e Präis dee vun der Stëftung Kannerschlass vun Zolwer vergi gëtt, fir aussegewéinlech Verdéngschter am Sozialberäich.

Vun 1992 bis 1997 gouf de Prix Janusz Korczak all Joer ausgeschriwwen, 1994 an 1996 gouf en awer net verginn. Zanter 1997 gëtt dëse Präis all zwee Joer ausgeschriwwen, woubäi en 2001 net vergi gouf.

De Präis gouf nom polneschen Dokter a Pedagog Janusz Korczak genannt.

Laureaten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1992: A. Pletgen a J. Dumont fir de Projet "Weessekär"
  • 1993: Tom Schlechter, Josette Schmit a Marianne Schmit fir de Projet "Camionette"
  • 1994: net verginn
  • 1995: Programm "Défi"
  • 1996: net verginn
  • 1997: Projet Alpha
  • 1999: Jean Fetz fir de Projet "Liewenshaff" vun der "Päerd's Atelier A.s.b.l."
  • 2001: net verginn
  • 2003: Coopérations A.s.b.l.
  • 2005: Special Olympics Luxembourg
  • 2007: Anonym Glécksspiller
  • 2009: Association luxembourgeoise des visiteurs de prison
  • 2011: SAT - Service d'accompagnement tutélaire a.s.b.l.
  • 2013: Association des victimes de la route
  • 2015: Femmes en Détresse a Fondation Maison de la Porte Ouverte[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Prix Korczak fir Femmes en Détresse a Maison porte ouverte." rtl.lu, 06.07.2015, 11:30:41.