Procureur d'État

Vu Wikipedia
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Procureur d'État ass e Procureur an deemno ee vun de Magistrate vum Ministère public (dem "Parquet") zu Lëtzebuerg deen d'Aufgab huet, d'Interesse vun der Allgemengheet, wat d'Anhale vun de Gesetzer vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet ugeet, ze vertrieden. Hien erfëllt seng Funktioun ënner der Opsiicht an ënner der Direktioun vum Procureur général d'État. Hie kann a verschiddene Fäll vun engem Substitut vertruede ginn an en erfëllt seng Funktioun fir deen Territoire deen him duerch d'Gesetz iwwerdroe gouf, wat generell dem Territoire vum Polizeigeriicht entsprécht, dat engem Bezierksgeriicht zougedeelt ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]