Procyon (Stär)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Kaart vum Stärebild Canis Minor
Procyon
Position Alpha Cmi.png
aner Nimm oder Katalognummeren
Synonyme Elgomaisa; Algomeysa; Antecanis
Stärebild: Canis minor; Cmi
Bayer-Buschtaf: α
Flamsteed-Nummer: 10
Bright Star Catalogue: HR 2943
Henry-Draper-Katalog: HD 61421
SAO-Katalog: SAO 115756

De Procyon (α Canis minoris) ass deen hellste Stär am Stärebild Klengen Hond. Mat enger Distanz vun 11,2 Liichtjoer ass et ee vun de sonnenooste Stäre. De griichesche wéi och de laténgeschen Numm bedeite "virun dem Hond". Dëst weist dorop hin, datt hien virum Sirius, dem Hondsstär opgeet.

De Procyon gehéiert zum Wantersechseck.

Wéi de Sirius ass och de Procyon en Duebelstär – den Haaptstär Procyon A huet e klenge wäissen Zwerg vun 11. Gréisst als Begleeder, de Procyon B. D'Ëmlafperiod vum Duebelstäresystem ass 41 Joer.

Miessunge vum Satellit MOST konnte beim Procyon keng Oszillatiounen (Hellegkeetsschwankungen) noweisen.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck [änneren]

Commons: Procyon – Biller, Videoen oder Audiodateien