Progrès Nidderkuer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Progrès Nidderkuer
Progrès Nidderkuer
Offiziellen Numm: Football Club
Progrès Niedercorn
Grënnung: 1919
Stadion: Stade Jos Haupert,
Nidderkuer
Plazen: 2 800
President: Marcel Bossi
Trainer: Henri Bossi
Liga: BGL Ligue
2010/11 Nationaldivisioun, 5. Plaz
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

De Progrès Nidderkuer (offiziell F.C. Progrès Niedercorn) ass e lëtzebuergesche Foussballclub vun Nidderkuer. De Veräi gouf 1919 gegrënnt an zielt 2007 ëm déi 650 Memberen.

Championat spillt de Progrès um Haapterrain vum Stade Jos Haupert zu Nidderkuer. De Stade ass fir 2 800 Leit zougelooss, 800 Plazen dovu si Sëtzplazen op der Tribün.

Éischt Seniorsequipe[änneren | Quelltext änneren]

Hir éischt Saison am Lëtzebuerger Championat hunn d'Nidderkuerer Foussballisten 1919/20 gespillt. 1922/23 ass de Progrès an d'zweethéchst Klass, déi haiteg Éierepromotioun geklommen an huet et zanterhier fäerdeg bruecht ni méi eng Divisioun drënner ze falen.

1926/27 war d'Equipe eng éischt Kéier an der ieweschter Divisioun. Bis op d'Joer drop (1928) an dunn nach eng Kéier 1936 huet Nidderkuer sech bis 1960 an der Nationaldivisioun gehalen. An där Zäit sinn och déi éischt Titele gewonne ginn: 1933 d'Coupe de Luxembourg an 1953 -zwanzeg Joer méi spéit- d'Championat.

Staark war de Progrès apaart an de Joren 1977-1982. An deene sechs Saisone gouf Nidderkuer zweemol Champion (1978 an 1981), dräimol Vizechampion a stoung och nach dräimol an der Coupefinale (Victoire 1977 an 1978). Héichpunkt war d'Saison 1977/78 an där déi Schwaarz-Giel den Doublé (Champion a Coupe) gepackt hunn. Et war och déi Zäit wou de Club an Europa gespillt huet (5 Participatiounen).

1989 an dunn nach eng Kéier 1991 ass Nidderkuer aus der Nationaldivisioun erausgefall an huet fir de Rescht vum Joerdausend Éierepromotioun gespillt. Mat Ausnam vun zwou Saisonen um Wupp vun der Nationaldivisioun (2002 an 2003), ass de Progrès och duerno nach zweetklassesch bliwwen ier et du mam Opstig 2005/06 erëm de Bierg op gaangen ass. Zanter 2006/07 spillt Nidderkuer nees an der Nationaldivisioun, wou se als Opsteiger mat enger 7ter Plaz d'Saison op en Enn bruecht huet. Dat war allerdéngs eng Saison wou ganzer 5 Traineren am Asaz waren.

Saison 2007/08[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Saison 2007/08 an der Fortis League huet den Ex-Trainer Serge Thill, deen et op 14 Asätz an der Nationalequipe bruecht hat, op eng méi jonk Equipe gesat, mat net manner wéi 6 Spiller déi am Veräi grouss gi sinn. Den Altersduerchschnëtt läit bei 23 Joer. Hiert Zil ass, net aus der Fortis Leage erauszefalen. No der Virronn steet de Progrès mat 17 Punkten op der 8. Plaz vum Championnat.

Nom Match géint den RFCUL huet de Serge Thill als Trainer demissionéiert fir sech erëm op d'Jugendaarbecht ze konzentréieren. Säi Posten iwwerhëlt virleefeg de Jean-Paul Defrang.

Am Laf vun der Preparatioun war de Jean-Paul Defrang net méi mat der Aarbecht an der Equipe zefridden an huet doropshin demissionéiert. Den Interim iwwerhëlt de Wilhelm Lex

Den aktuelle Kader (Stand: Januar 2008)[änneren | Quelltext änneren]

Gol
Flag of Luxembourg.svg Castellani David
Flag of Luxembourg.svg Felgen Philippe
Flag of Luxembourg.svg Wilwert Christophe
Défense
Flag of Luxembourg.svg Chaussy Marc
Flag of France.svg Ghin Enzo
Flag of Italy.svg Palazzo Rocco
Flag of France.svg Panel Thomas
Flag of France.svg Rigo Johnathan
Flag of Portugal.svg Soares David
Flag of Luxembourg.svg Vales François
Flag of Luxembourg.svg Zhan Nico
Mëttelfeld
Flag of France.svg Chaillou Didier
Flag of France.svg Gilgemann Thomas
Flag of France.svg Xavier Thill
Flag of Portugal.svg Henriques Pinto Paulo
Flag of France.svg Kaufmann Christophe
Flag of Luxembourg.svg Muller Sammy
Flag of Luxembourg.svg Kabral Nelson
Flag of Portugal.svg Teixeira Dany
Stuerm
Flag of France.svg Colleatte François
Flag of Luxembourg.svg Dautbasi Amer
Flag of Luxembourg.svg Masi Mauro

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Championat:

  • Champion (3x): 1953, 1978, 1981
  • Vizechampion (5x): 1932, 1937, 1977, 1979, 1982

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (4x): 1933, 1945, 1977, 1978
  • Finalist (3x): 1946, 1956, 1980

Europäesch Kompetitiounen[änneren | Quelltext änneren]

Saison Kompetitioun Ronn Land Club Resultat
1977/78 EP Pokalgewënner VR Flag of Denmark.svg Vejle BK 0-1, 0-9
1978/79 EP Landesmeeschter VR Bandera de España(1977-1981).gif Real Madrid 0-5, 0-7
1979/80 UEFA Cup 1R Flag of Switzerland.svg Grasshopper-Club Zürich 0-2, 0-4
1981/82 EP Landesmeeschter VR Ulster banner.svg Glentoran FC 1-1, 0-4
1982/83 UEFA Cup 1R Flag of Switzerland.svg Servette Genève 0-1, 0-3
VR = Virronn, 1R = Éischt Ronn,

Dammenequipe[änneren | Quelltext änneren]

D'Dammenequipe vum Progrès Nidderkuer (FC Progrès Dames) gouf 1972 gegrënnt an ass net nëmmen eng vun den éischten am Land gewiescht, mä och déi bei wäitem erfollegräichsten an der Geschicht vum Fraefoussball zu Lëtzebuerg. Nidderkuer war bis ewell fofzéngmol Lëtzebuerger Champion an huet d'Coupe de Luxembourg zweemol däerfe matheemhuelen (Stand: 2007).

Tëscht 1978 an 1984 hunn d'Nidderkuererinnen am belsche Championat a vun 1991 bis 1998 an deem vum Saarland gespillt.

2001/02 huet Nidderkuer beim UEFA Women's Cup participéiert, hat awer géint déi staark auslännesch Equippen näischt ze gutt an ass ouni Gol an ouni Punkt direkt an der éischter Ronn erausgeflunn.

Fir d'Saison 2006/07 hat de Progrès keng Dammenequipe fir d'Championat ugemellt.

Nationale Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerger Championat:

  • Champion (15x): 1975, 1977, 1978, 1985, 1986, 1987, 1988, 1989, 1999, 2000, 2001, 2002, 2003, 2004, 2005

Coupe de Luxembourg:

  • Gewënner (2x): 2002, 2003
  • Finalist (2x): 2004, 2005
Foussball Veräiner an der BGL LIGUE (Nationaldivisoun) 2011/12  BGL Ligue
F91 Diddeleng | US Hueschtert | FC Déifferdeng 03 | Racing FC Union Lëtzebuerg | Swift Hesper | CS Gréiwemaacher | Progrès Nidderkuer | UN Käerjeng 97 | Jeunesse Esch | CS Péiteng |CS Fola Esch | US Rëmeleng | RM Hamm Benfica | Union 05 Keel-Téiteng