Projektiounsmodell

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Eng Landkaart ass ëmmer d'Projektioun vun der Äerdkugel op eng flaach Fläch. Dat ass net esou einfach, well een eng Kugel net kann opdiebele wei zum Beispill e Wierfel.

Fir eng Kugel op eng flaach Fläch ze kréien, gi verschidde Kaarteprojektiounsmodeller benotzt. Et si méi ewéi 200 verschidde Projektiounsmethode bekannt, an all Projektiounsmethod huet seng Vir- an Nodeeler.

Déi bekannste Modeller sinn:

Inhaltsverzeechnes

Zylinderprojektioun[änneren]

D'Mercatorprojektioun ass déi bekannsten Zylinderprojektioun

Bei der Zylinderprojektioun gëtt d'Uewerfläch vun der Äerd op ee groussen Zylinder projezéiert, deen deselwechten Duerchmiesser ewéi d'Äerd huet. Déi bekannsten Zylinderprojektioun ass d'Mercatorprojektioun, déi vum Gerhard Mercator erfonnt gouf. D'Resultat vun esou enger Projektioun ass:

Eng Projektioun vun der Welt nom Mercator-Modell

D'Nodeeler vun dësem Projektiounsmodell sinn, datt d'Verzerrungen an der Polgéigend enorm sinn. Den Nord- an de Südpol gëtt iwwer déi ganz Kaart verzerrt, an duerfir gëtt déi Projektiounsmethod guer net fir d'Pole benotzt.

Azimuthalprojektioun[änneren]

D'Azimuthalprojektioun

D'Azimuthal- oder Orthogonalprojektioun gëtt haaptsächlech fir Projektioune vun de Polgéigende benotzt. D'Resultat vun esou enger Projektioun ass:

D'Aziumuthalprojektioun vum Nordpol

D'Nodeeler vun deem Projektiounsmodell sinn, datt den Ausschnëtt, dee projezéiert ka ginn ëmmer zimlech kleng ass.

Kegelprojektioun[änneren]

D'Kegelprojektioun

Bei der Kegelprojektioun gëtt d'Iwwerfläch vun der Äerd op ee grousse Kegel projezéiert. D'Kegelprojektioun, esou wéi och d'Zylinderprojektioun, gëtt zimlech gutt Resultater mat relativ wéineg Verzerrung. De brauchbaren Ausschnëtt ass awer méi kleng bei der Kegelprojektioun wéi bei der Zylinderprojektioun. Déi bekannste Kegelprojektioun ass d'Lambertprojektioun, déi vum Johann Heinrich Lambert 1772 erfonnt ginn ass. D'Resultat vun esou enger Projektioun ass:

D'Kegelprojektioun

De groussen Nodeel vun deem Projektiounsmodell ass, datt ee keng rechteckech Kaart huet, an datt domat de Gebrauch vun engem kartheseche Koordinatesystem zimlech komplizéiert gëtt.

UTM Projektioun[änneren]

D'UTM-projektioun

D'UTM Projektioun (Universal Transverse Mercator) oder och nach Gauss-Projektioun genannt, ass eng verbessert Mercator-Projektioun. Amplaz den Zylinder vertikal ronderem d'Äerd ze leeën, gëtt den Zylinder elo horizontal ronderem d'Äerd geluecht. Den Zylinder beréiert d'Äerd also net méi um Equator, wéi bei der Mercator-Projektioun, mä op engem bestëmmte Längegrad.

Amplaz elo eng Weltkaart ze maachen, duerch d'Projektioun op een eenzegen Zylinder, gëtt elo op 60 verschidden Zylinderen projezéiert, an et ginn ëmmer nëmme 6 Grad vun der projezéierter Fläch gehalen, dat heescht 3 Grad westlech vum Längegrad deen den Zylinder beréiert, an 3 Grad ëstlech vun dem Längegrad. Doduerch ginn d'Deformatioune ganz kleng.

Zënter 1954 gëtt d'UTM-Projektioun an den UTM-Koordinatesystem vun den Arméie vun der NATO benotzt.

Commons: Map projections – Biller, Videoen oder Audiodateien