Promontorium Archerusia

Vu Wikipedia
Promontorium Archerusia an de Krater Plinius (LROC-WAC)
Eegenschaften
Moundstruktur Promontorium
Breet 16.79 Grad Nord
Längt 21.96 Grad Ost
Duerchmiesser 11.21 km

De Promontorium Archerusia (laténgesch fir Kap Archerusia) ass um Äerdmound den Ausleefer vun de Montes Haemus op der Grenz tëscht dem Mare Serenitatis am Mare Tranquillitatis, nordwestlech vum Krater Plinius.

Dee vum Johannes Hevelius agefouerten Numm ass eng Feelschreiwung vun Acherusia, an der anticker Geographie e Kap an Paphlagonien um Schwaarze Mier, haut Baba Burun („Kap Baba“) bei Karadeniz Ereğli an der Tierkei.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie