Promontorium Kelvin

Vu Wikipedia
De Rupes Kelvin, riets uewen am Bild ass de Promontorium Kelvin ze gesinn.

De Promontorium Kelvin (och Kap Kelvin) ass e Kap um Äerdmound, am südëstlechen Deel vum Mare Humorum. En huet en Duerchmiesser vu 45,01 Kilometer. Ronn 150 Kilometer südwestlech vum Promontoire läit den Aschlagkrater Vitello, ongeféier 155 Kilometer westlech vum Krater Puiseux.

Direkt südlech vum Promontorium Kelvin, um Bord vum Mare Humorum läit den 78 Kilometer laange Terrainsofbroch Rupes Kelvin, deen nom Biergvirspronk genannt gouf.

D'Koordinate vum Kap Kelvin sinn: 26° 54′ S, 33° 30′ W.

De Promontorium Kelvin gouf 1935 nom Lord Kelvin genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie