Propan
| Propan | |
|---|---|
| Systemateschen Numm (IUPAC) | Propan |
| Trivialen Numm | Propan |
| Chemesch Formel | C3H8 |
| Ausgesinn | duerchsiichtege Gas |
| Eegeschaften | |
| Dicht | 2,0098[1] kg/m3 |
| Léislechkeet | 0,075 g/l bei 20 °C (am Waasser)[1] |
| Molmass | 44,10 g/mol |
| Schmëlzpunkt | −187,3[1] °C |
| Kachpunkt | −42,1[1] °C |
| Thermodynamesch Daten | |
| Standard Formatiounsenthalpie
|
−104.7 KJ·mol−1 |
| Standardentropie
|
269.91 J·K−1·mol−1 |
| Verbrennungsenthalpie
|
–2202 KJ·mol−1 |
| Weideres | |
| Ähnlech Molekülen | Butan |
| Chemesch Famill | Alkanen |
Propan ass e gesiedegten, gasfërmege Kuelewaasserstoff aus der Famill vun den Alkanen, deen an de Pëtrolsraffinerien aus Äerdgas hiergestallt gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Physikalesch Eegeschaften
Propan ass e Gas ouni Faarf a Geroch[2]. Am Waasser ass e schlecht léislech, dogéint léist e sech gutt am Ether an am Benzol op[1]. En ass méi schwéier wéi Loft, seng Dicht läit bei 1,56[1]. Propan ass liicht ze verflëssegen a kann ënner Drock a Gasfläschen transportéiert ginn[2].
[änneren] Chemesch Eegenschaften
Propan brennt un der Loft ouni vill Réckstänn[1]. Mat Sauerstoff gemëscht kann en explodéieren. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser[2][1].
Duerch Substitutioun mat Chlor a mam Brom forméiert en nei Produiten[2].
[änneren] Auswierkungen op d’Gesondheet
Flëssege Propan kann op der Haut zu Erfréierunge féieren. Doriwwer eraus wierkt Propan narkotiséierend a kann duerch Anotmen e plëtzlechen Doud verursaachen[1].
[änneren] Uwendung
Bei engem Drock vun 30 bar kënnt en a Gasfläschen a gëtt an den Haushalter, an de Laboratoiren, an der Industrie als Brennes benotzt. E gëtt a Form vu Flësseggas benotzt. Dëst Gasgemësch besteet aus 95% Propan a klengen Undeeler u Butan, Ethan, Ethylen an Isobutan. Gasfläsche mat Propan sollen op kille Plazen lageren a vu liichtentzündleche Materialien ewegbleiwen.
Doriwwer eraus gëtt en als Killmëttel an de Frigoen geholl an ass en Dreifmëttel an de Spraydousen[1].
An der chemescher Industrie gouf Propan fréier geholl fir Propylen an Ethylen hierzestellen[1].
[änneren] Literatur
- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul
- Martindale, The Extra Pharmacopoeia, Thirtieth Edition
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Referenzen
- ↑ 1,00 1,01 1,02 1,03 1,04 1,05 1,06 1,07 1,08 1,09 1,10 http://www.seilnacht.com/Chemie/ch_propa.htm
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, S.65
| Commons: Propane – Biller, Videoen oder Audiodateien |
