Proprietéit
| Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mee ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkrete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
| Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Propriétéit ass d'Recht fir iwwert e Gutt ze verfügen, wéi een et well.
Dat Recht huet insgesamt 3 Volume, déi dem Proprietaire en eenzegaartegen Lien zu senger Proprietéit ginn. Et sinn dat den Usus, de Fructus an den Abusus.Eng Persoun déi nëmmen den Usus an de Fructus huet, bezeechent een als Usufruitier. En Usufruitier duerf alles mat deem Gutt man, ausser se zerstéieren oder se verkafen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Volumen vun der Propriétéit
[änneren] Usus
Den Usus(lat.uti:"benotzen") ass d'Recht vum Proprietaire säi Gutt ze benotzen. Dat Recht ass am Prinzip illimitéiert, gëtt awer an der Praxis oft duerch d'Gesetz limitéiert. De Proprietaire duerf säi Gutt benotze wéi hien et fir richteg hellt, et sief dann hie stéiert d'ëffentlech Uerdnung oder d'ëffentlech Moral. Beispill: Kaméidi man oder strofrechtlech verbueden Aktivitéiten op engem Gutt bedreiwen.
[änneren] Fructus
De Fructus(lat."fructus":D'Fruucht) ass d'Recht vum Proprietaire den Ertrag vu sengem Gutt ze notzen. Ganz fréier, waren dat effektiv d'Friichten déi vun engem Bam gefall sinn. Haut kann dat och de Loyer vun engem Haus oder den Ertrag vun enger Iddi sinn.
[änneren] Abusus
Den Abusus(lat."abusus":Mëssbrauch) ass am wuertwiertlechen Sënn d'Recht vum Proprietaire, säi Gutt ze mëssbrauchen. Juristesch gëtt domat gesot datt de Proprietaire d'Recht huet, entweder d'Gutt selwer oder de Lien zu sengem Gutt ze zerstéieren, sprech andeems en et verkeeft.