Prosopagnosie

Vu Wikipedia

Prosopagnosie (vun algr. τὸ πρόσωπον - tò prósōpon: d'Gesiicht an ἡ ἀγνωσία - agnōsía: d'Net-Erkennen) oder Gesiichtsblannheet bezeechent d'Onfäegkeet, d'Identitéit vun enger bekannter Persoun mat Hëllef vun hirem Gesiicht z'erkennen.

D'Krankheetsbild gouf fir d'éischt 1947 vum däitschen Neurolog Joachim Bodamer beschriwwen. Eng méiglech Ursaach ass eng Schiedegung vum Gehier am temporo-okzipitale Beräich, z. B. duerch e Schlag oder en Accident. Verschidde Forme vun der Prosopagnosie kënnen awer och verierft ginn.

Prosopagnostiker kënnen ouni Problem eenzel Kennzeeche vun engem Gesiicht erkennen (z. B. d'Form vun den Oueren), a si kënne sech och un anere Kennzeeche wéi der Stëmm, dem Gezei, der Statur oder der Frisur orientéieren, fir am Alldag Persounen erëmzerkennen oder z'ënnerscheeden. Mënsche mat ugebuerener Prosopagnosie si sech dowéinst net onbedengt all bewosst, datt se un engem neuropsychologesche Syndrom leiden. Kanner profitéieren awer staark vun enger fréier Diagnos, well hinnen da gehollef ka ginn, sou Hëllefstrategien z'entwéckelen. Eng Behandlung vun der ugebuerener Prosopagnosie selwer ass net bekannt.

Nei Studie schätzen datt eng 2,5 % vun der Bevëlkerung betraff sinn, wéi gesot dacks ouni et selwer ze wëssen, wéinst méi oder manner efficacë Kompensatiounsmoossnamen. Dee bekanntste Prosopagnostiker ass de Brad Pitt[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

Dokumentatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Säite vu Betraffenen a fir Betraffener, Erfarungsberichter[änneren | Quelltext änneren]

Test[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. SPON - De Brad Pitt an de Gesiichtsverloscht