Prospekt Nauki

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Logo vum Verlag Prospekt Nauki

Prospekt Nauki (Проспект Науки) ass e russesche Verlag, deen technesch a wëssenschaftlech Literatur, Léierbicher an Noschlouwierker fir Wëssenschaftler a Studenten eraus gëtt.

De Verlagssëtz ass zu St. Péitersbuerg an ass komplett a Privatbesëtz.

Seng Publikatiounen ëmfassen ë. a. Themë wéi Mikrobiologie, Biotechnologie, Medezin-Technik, Life Sciences, Bauwiesen an Ëmweltmanagement.

Origine vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm bedeit Strooss vun der Wëssenschaft. De Verlag krut dee Numm duerch d'Praxis vun der Sowjetunioun, Stroossen no sowjetesche Conquêtë vun der Wëssenschaft oder Technik oder vun Ziler vun der Sowjetkultur ze nennen. Obschonn de Verlag nom Zerfall vum Kommunismus gegrënnt gouf hu seng Grënner sech fir deen Numm decidéiert well déi Bezeechnung de russesche Bierger bekannt ass a well en de Verlagsprogramm mat wëssenschaftleche Bicher reflektéiert.