Prosper Kayser

Vu Wikipedia
Prosper Kayser
De Prosper Kayser 2019
Gebuer 3. Abrëll 1933
Gestuerwen 30. Juni 2020
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter
D'Keesesch-Gässel beim Possenhaus

De Prosper (Prossi) Kayser, gebuer den 3. Abrëll 1933 a gestuerwen den 30. Juni 2020 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Anästhesist, Genealog an Auteur. Hien ass de Grënner a laangjärege Leeder vum Possenhaus zu Bech-Maacher.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No sengem Secondaire-Studium zu Iechternach huet en e Medezinstudium zu Paräis gemaach. Nom deemools obligatoresche Militärdéngscht huet e sech zu Heerlen op Anästhesie spezialiséiert an huet an där Funktioun vun 1965 un an der Zithaklinik an der Stad Lëtzebuerg geschafft.

A senger Fräizäit ass e senger Passioun fir d'Sammele vu verschiddenen Objeten nogaangen. Hien huet dobäi ganz Späichere geraumt a vill Saachen an zwou Lagerhale stockéiert.

Am August 1965 huet en zu Bech-Maacher en Haus kaaft, op dat en iwwer Bekannter vu senger Fra opmierksam gemaach gouf. Et war dat éischt Gebai vum haitege Possenhaus, dat en 1972 als private Musée gegrënnt huet, an dat spéider mat 6 weideren Haiser erweidert gouf. A sengem Musée konnt e vill vu senge gesammelten Objeten ausstellen. 1992 gouf de Musée vum Staat iwwerholl.

An de Joren duerno huet en ugefaange sech fir d'Genealogie z'interesséieren, am Ufank haaptsächlech well e sengem Familljennumm an der Geschicht vu senger Ofstamung wollt nogoen. Spéider huet e systematesch déi genealogesch Date vu ganze Gemengen, haaptsächlech déi laanscht d'Musel, opgeschafft an a Bicherform verëffentlecht, fir datt déi Informatioune fir d'Allgemengheet op eng einfach Manéier zur Verfügung stéingen.

Hie war Éierebierger vun der fréierer Gemeng Welleschten[2].

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Genealogesch Familljechroniken[änneren | Quelltext änneren]

  • Familienchronik der Gemeinde Roeser 1650 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst), 2019, ISBN 978-2-9199480-3-1
  • Familienchronik der Gemeinde Hesperingen 1650 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst an de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Hesper), 2018, 640 S., ISBN 978-2-9199480-2-4
  • Familienchronik der Gemeinde Weiler-zum-Turm 1605 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst an Hubert Job), 2017, 448 S., ISBN 978-99959-858-9-9
  • Familienchronik der Stadt Grevenmacher 1634 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst), 2. Ausgab, 2 Bänn, 2017, 1120 S., ISBN 978-2-9199480-0-0
  • Familienchronik der Gemeinde Schengen 1660 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst), 2 Bänn, 2016, 1296 S., ISBN 978-99959-858-7-5
  • Familienchronik der Stadt Remich 1675 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst), 3. Ausgab, 2016, 896 S., ISBN 978-99959-858-8-2
  • Familienchronik der Gemeinde Schüttringen 1707 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst), 2015, 448 S., ISBN 978-99959-858-4-4
  • Familienchronik der Gemeinde Lenningen 1675 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst), 2015, 608 S., ISBN 978-99959-858-5-1
  • Familienchronik der Einwohner der Gemeinde Mertert 1708 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst an Heinrich Wagner), 2015, 640 S., ISBN 978-99959-0-138-7
  • Familienchronik der Gemeinde Frisingen ca. 1650 - 1950 (zesumme mam Marc Klein, Paul Vanolst, Marcel Mousel), 2014, 512 S., ISBN 978-99959-858-1-3
  • Familienchronik der Einwohner der Gemeinde Sandweiler 1675 - 1923 (zesumme mam Paul Vanolst an Heinrich Werner), 2014, 560 S., ISBN 978-99959-858-3-7
  • Familienchronik der Einwohner der Gemeinde Flaxweiler 1670 - 1950 (zesumme mam Paul Vanolst a Charles Schmit), 2014, 688 S., ISBN 978-99959-858-0-6
  • Familienchronik der Gemeinde Dalheim (zesumme mam Claire Bichler a Paul Vanolst), 2014, 480 S., ISBN 978-99959-858-2-0
  • Familienchronik der Einwohner der Gemeinde Mondorf von um 1674 - um 1923 (zesumme mam Claire Bichler a J.P. Molitor), 2013, 592 S., ISBN 978-2-87996-494-2
  • Familienchronik der Einwohner der Gemeinde Waldbredimus, 2013, 400 S., ISBN 978-2-87996-519-2
  • Familienchronik der Einwohner der Gemeinde Niederanven 1690 - 1960 (zesumme mam Jos Wagner), 2011, 800 S., ISBN 978-99959-697-0-7
  • Familienchronik der Einwohner der Gemeinde Contern, 2011, 496 S., ISBN 978-2-87996-528-4
  • Familienchronik der Gemeinde Bous von 1670 bis ca. 1950 (zesumme mam Roger Kayser), 2003, 696 S., ISBN 2-919910-13-2
  • Familienchronik der Stadt Grevenmacher von 1634 bis 1950 (zesumme mam Roger Kayser an Heinrich Wagner), 2002, 848 S., ISBN 2-919910-12-4
  • Familienchronik der Gemeinde Wormeldingen (Ahn, Dreiborn, Ehnen, Kapenacker, Machtum, Oberwormeldingen und Wormeldingen) von 1690 bis 1900 (zesumme mam Roger Kayser an Heinrich Wagner), 2001, 832 S., ISBN 2-919910-09-4
  • Familienchronik der Gemeinde Stadtbredimus (Greiweldingen Stadtbredimus) von 1668 bis 1900 (zesumme mam Roger Kayser), 2000, 384 S., ISBN 2-919910-08-6
  • Familienchronik der Gemeinden Remerschen (Remerschen, Schengen, Wintringen) von 1650 bis 1900 und Bürmeringen (Bürmeringen, Elvingen, Emeringen) von 1760 bis 1900 (zesumme mam Roger Kayser), 1999, 671 S., ISBN 2-919910-05-1
  • Familienchronik der Stadt Remich von 1668 bis 1900 (zesumme mam Roger Kayser), 1999, 495 S., ISBN 2-919910-03-5
  • Familienchronik der Gemeinde Wellenstein: Bech-Kleinmacher, Schwebsingen, Wellenstein von 1668 bis 1900 (zesumme mam Roger Kayser), 1999, 495 S., ISBN 2-919910-04-3
  • Die Nachkommen der Familie Senninger Johann - Wellenstein Margaretha, Ergaenzungsband zum Buch Kayser "Die Familien Wellenstein und ihre Nachkommen in aller Welt", 2017, 272 S., ISBN 978-2-9199480-1-7
  • Die Nachkommen der Familie Karl Joseph de Collart - Maria Francisca de Donnea (zesumme mam Paul Vanolst), 2016, 368 S., ISBN 978-99959-858-6-8
  • Familien Wellenstein und ihre Nachkommen in aller Welt mit den dazugehörigen Familien Gales, Kohll, Legill, Linden und Muller von 1590 bis heute (zesumme mam Roger Kayser, Emile Linden a Robert Grün), 2002, 712 S., ISBN 2-919910-07-8
  • Familjebuch Kayser (zesumme mam Roger Kayser an Etgen Streitz), 1997, 810 S.

Aner Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Exposition du 40e anniversaire du Possenhaus - Ger Maas - avec gouaches originales du Carnet mosellan et de documents des expositions au Possenhaus de 1967 et 1980, 2007, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan: Fondation Possenhaus, 92 S.
  • Puppen: Musée "A Possen" - Poupées, 2006, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan: Fondation Possenhaus, 4 Bänn (80, 99, 104, 101 S.)
  • Spieleisenbahnen - Spur 0 - Trains modèles - écartement 0, 2006, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan: Fondation Possenhaus, 2 Bänn (104, 100 S.)
  • Feuer und Licht: Musée "A Possen" - Feu et lumière, 2006, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan: Fondation Possenhaus, 2 Bänn (96, 104 S.)
  • Dampfmaschinen - Machines à vapeur: Musée "A Possen",2005, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan, 176 S.
  • Kindernähmaschinen: Katalog unserer Sammlung, Musée "A Possen" - Machines à coudre pour enfants: catalogue de notre collection, 2004, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan, 80 S.
  • Die Zauberlaterne - von der Camera obscura zur Laterna magica: Katalog unserer Sammlung, Musée "A Possen" - La lanterne magique: catalogue de notre collection, 2004, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan, 160 S.
  • Puppenküchen und Puppenherde und die "Schwarzküche" des Possenhauses: Katalog Nr. 3 unserer Sammlungen, Musée "A Possen" - Cuisines et cuisinières à jouer et la "cuisine noire" du Possenhaus: catalogue n° 3 de nos collections, 2004, Amis du Possenhaus et du folklore mosellan, 176 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2020
  2. Doudesannonce vun der Gemeng Schengen am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2020