Protuberanzenopsaz

Vu Wikipedia

E Protuberanzenopsaz ass en optesche Géigestand fir d'Observatioun vu Protuberanzen um Rand vun der Sonn. Den Asaz gëtt hanner dem Teleskop ugemaach.

Bei engem Protuberanzenopsaz sinn en H-alpha-Filter an e Metallkegel hannereneen ugemaach. De Kegel deckt d'Sonn of, a mécht doduerch eng „kënschtlech“ Sonnendäischtert. De Kegel muss dozou genee der Brennwäit vum Teleskop ugepasst ginn. Well den Ofstand Äerd-Sonn wärend engem Joer variéiert, ass och de Sonnenduerchmiesser ënnerschiddlech grouss – am Wanter (op der Nordhallefkugel) ass d'Sonn der Äerd am noosten an de Sonnenduerchmiesser am gréissten. Fir dat auszegläichen, brauch ee Kegele vu verschiddenen Duerchmiesser.

Den H-alpha-Filter léisst nëmmen dat déifrout Liicht vum ioniséierte Waasserstoff (d'H-alpha-Linn), dat d'Protuberanzen ofginn, duerch.

Protuberanzenopsätz ginn dacks vun Amateurastronome fir Sonnenobservatiounen agesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]