Provënz Lëtzebuerg

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Provënz Lëtzebuerg
Flag of the Province of Luxembourg.svg Coat of arms of the Province of Luxembourg.svg
Informationen
Land Flag of Belgium.svg Belsch
Regioun Flag of Wallonia.svg Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit vun der Belsch
Chef-lieu Arel
Bevëlkerung 246.820 Awunner (n.b.)
Fläch 4.440 km²
Arrondissementer 5
Localisatioun
BelgiumLuxembourg.png
44 Gemengen
LuxembourgGemeenten.png

D'Provënz Lëtzebuerg (fr.: Province de Luxembourg; wa.: Province do Lussimbork) ass eng vun de 5 Provënzen an der Regioun Wallounien, am Südoste vun der Belsch. De Chef-lieu ass Arel.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

Historesch waren de Grand-Duché vu Lëtzebuerg an déi haiteg belsch Provënz eent an dat selwecht. Nodeems d'Belsch sech vun Holland onofhängeg gemaach huet, gouf de 14. Oktober 1831 zu London eng Konferenz aberuff, déi d'Grenze vun deem neie Staat sollt festleeën. D'Groussmiecht hunn do ënnert anerem beschloss, Lëtzebuerg ze deelen: dee westlechen Deel sollt belsch ginn, deen ëstleche giff dem hollännesche Kinnek Wëllem I. gelooss ginn, dee jo och, a Personalunioun, Groussherzog vu Lëtzebuerg war. Definiv festgeluecht gouf dat dann den 19. Abrëll 1839 am Traité vu London.

[änneren] Gouverneure vun der Provënz Lëtzebuerg

[änneren] Geographie

D'Provënz Lëtzebuerg ass mat 4.443 km² déi gréisst belsch Provënz. Si huet 246.820 Awunner an ass a 5 Arrondissementer a 44 Gemengen ënner-agedeelt. Zwou grouss Landschafte leien do: d'Gaume an d'Ardennen. Den héchste Punkt mat 652 m ass d' Baraque de Fraiture.

[änneren] Komplett Lescht vu de Gemengen

1. Arel
2. Atert
3. Éibeng
4. Baaschtnech
5. Bertogne
6. Bertrix
7. Bouillon
8. Chiny
9. Daverdisse
10. Durbuy
11. Erezée

12. Étalle
13. Fauvillers
14. Florenville
15. Gouvy
16. Habay
17. Herbeumont
18. Hotton
19. Houffalize
20. La Roche-en-Ardenne
21. Léglise
22. Libin

23. Libramont-Chevigny
24. Manhay
25. Marche-en-Famenne
26. Maartel
27. Meix-devant-Virton
28. Miezeg
29. Musson
30. Nassogne
31. Neufchâteau
32. Paliseul
33. Rendeux

34. Rouvroy
35. Sainte-Ode
36. Saint-Hubert
37. Saint-Léger
38. Tellin
39. Tenneville
40. Tintigny
41. Vaux-sur-Sûre
42. Vielsalm
43. Virton
44. Wellin

[änneren] Demographesches

Nëmme 5 Gemengen hu méi wéi 10.000 Awunner

  • Arel: 24.791
  • Marche: 16.390
  • Éibeng: 14.663
  • Baaschtnech: 13.391
  • Virton: 11.009


[änneren] Wopen

[änneren] Gemengen

[änneren] Arrondissement Arel

Arrondissement Arel

Am Arrondissement Arel liewen 51.902 Awunner op 317 km².


[änneren] Arrondissement Baaschtnech

Arrondissement Baaschtnech

Am Arrondissement Baaschtnech liewen 40.574 Awunner op 1.043 km².


[änneren] Arrondissement Marche-en-Famenne

Arrondissement Marche-en-Famenne

Am Arrondissement Marche liewen 50.359 Awunner op 954 km².


[änneren] Arrondissement Neufchâteau

Arrondissement Neufchâteau

Am Arrondissement Neufchâteau liewen 55.598 Awunner op 1.354 km².


[änneren] Arrondissement Virton

Arrondissement Virton

Am Arrondissement Virton liewen 48.387 Awunner op 771 km².


[änneren] Um Spaweck

Commons: Provënz Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen